
D'Affer gouf vun e puer onbekannte Männer bedrängt. Si wollten him seng Auer klauen. Nodeems de Mann op de Buedem gestouss gouf, ass eng Koppel op de Virfall opmierksam ginn. Si hu Polizisten erbäigeruff, déi net wäit vun der Plaz ewech waren.
De Grupp Männer huet sech ouni d'Auer ewech gemaach. Eng Sichaktioun war negativ. D'Ermëttlunge lafen an de Mann, dee beim Iwwerfall liicht verwonnt gouf, huet eng Plainte deposéiert.
An engem Feldwee tëscht Aasselbuer a Weiler ass enger Patrull e Méindeg den Owend kuerz virun 21 Auer an Auto opgefall, dee matten am Wee stoung. D'Persoun hannert dem Steier war ageschlof. De Beamten ass trotz Schutzmask den Alkoholgeroch opgefall. si hunn de Mann wakereg gemaach. Den Alkoholtest war positiv, de Permis gouf agezunn an e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.