BäerdrefPersoun a Géigend vun Hammhaff vu Fiels gefall a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Ronn dräi Meter war d'Persoun vum Fiels erofgefall an huet dobäi sech an eng aner Persoun blesésiert.
© CIS Berdorf

Wéi et vum lokale Rettungs- a Pompjeescorps heescht, war et net evident, fir am Bësch bis bei déi Blesséiert ze kommen. Si konnten no ronn annerhallwer Stonn gebuerge ginn a goufen an d'Spidol bruecht.

Am Lokalen mellt de CGDIS dräi Accidenter e Samschdeg den Owend. Op der Maulesmillen sinn am spéide Mëtteg en Auto an e Quad aneneegerannt, hei gouf eng Persoun verwonnt. 3 Blesséierter gouf et an engem Accident zu Esch, do war um 22.45 Auer en Auto an eng Bréck gerannt.

An op der Héicht vun Helleng sinn zwee Gefierer nach op der Autobunn kollidéiert, hei gouf ee Mënsch blesséiert.

Ee Blesséierten huet och e Brand an engem Keller zu Ollem gefuerdert, d'Detailer feelen soss nach.

Back to Top
CIM LOGO