
Zu Péiteng huet an der Nuecht op e Samschdeg eng Fra hire Führerschäi missen ofginn. Si hat an der Lonkecher Strooss d'Kontroll iwwert hiert Gefier verluer an ass an zwee geparkten Autoe gerannt. Et sollt sech erausstellen, dass d'Madamm ze vill gedronk hat. Hiren Auto huet si misse stoe loossen.
Wärend d'Beamten nach mam Accident beschäftegt waren, ass en zweete Chauffer am Zickzack op si zoukomm a konnt a leschter Sekonn auswäichen. Nodeems d'Police de Mann huet misse stoppen, gouf en Alkoholtest gemaach, dee positiv ausgefall ass. Och hei gouf de Führerschäin agezunn an den Auto huet misse stoe bleiwen.