Am Kontext vun der PandemiePediater réit, vulnerabel Kanner géint d'Gripp ze impfen

Claudia Kollwelter
Mariette Zenners
D'Gripp-Impfung gëtt gutt vun de Kanner verdroen an ass dee beschte Schutz géint d'Influenza, sou d'Dr. Isabel De La Fuente Garcia aus der Kannerklinick.
Grippen-Impfung bei Kanner
D'Gripp-Impfung gëtt gutt vun de Kanner verdroen an ass dee beschte Schutz géint d'Influenza, sou d'Dr. Isabel De La Fuente Garcia aus der Kannerklinick.

All Joer kréien an Europa e puer Millioune Leit d'Gripp. Ma dëst Joer kéinten d'Konsequenzen duerch de Coronavirus méi uerg sinn.

04/09/2020 Band Grippe-Vaccin bei Kanner 7h30 -kollwelter

Nach wier schwéier ze soen, wéi de Coronavirus d'Grippesaison beaflosse wäert, seet d'Dr. Isabel De La Fuente Garcia, mee et weess een, dass och d'Influenza d'Otemweeër ugräift an zum Beispill zu Longenentzündunge féiere kann.

Et géing een och wëssen, datt ee sech mat béide Virussen ustieche kéint. De Risiko géing also klammen, dass ee méi schwéier Infektioune kritt. Et géing ee fäerten, dass den Héichpunkt vun der Influenza zäitgläich mat enger weiderer Well vum Coronavirus wäert sinn an dass ee Schwieregkeete géing kréien, de Gesondheetssystem oprecht ze halen, sou d'Doktesch.

Virun allem bei Kanner, déi riskéiere Komplikatiounen ze kréien, réit d'Kannerdoktesch sech impfen ze loossen. Fir Kanner ënnert 8 Joer missten iwwerdeems 2 Dose vum Impfstoff an engem Ofstand vun engem Mount gesprëtzt ginn. Och schwanger Frae géife geimpft ginn, betount d'Dr. Isabel De La Fuente Garcia, domat géifen an engems déi Neigebuere virun der Gripp geschützt ginn. D'Influenza wier bei Kanner méi geféierlech wéi de Covid-19 huet d'Kannerdoktesch nach betount.
Back to Top
CIM LOGO