Äntwert op parlamentaresch FroPaulette Lenert: D'Regierung huet kee Bilan iwwer Covid-Mesurë gemaach

RTL Lëtzebuerg
An enger parlamentarescher Fro hu sech d'CSV-Deputéiert Hansen a Mosar un d'Gesondheetsministesch geriicht am Hibléck op Aussoe vum Minister Jens Spahn.

"Ech si virsiichteg mat mengen Aussoen a wäert sécher keng pauschal Deklaratiounen maachen iwwert de weidere Verlaf vun der Corona-Pandemie", dat äntwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierten Hansen a Mosar.

D'Oppositiounspolitiker wollte wëssen, ob d'Madamm Lenert d'Vue vun hirem däitsche Kolleeg Jens Spahn géif deelen, dee wësse gedoen huet, datt hien - mam Wëssen vun haut - verschidde Lockdown-Restriktiounen net méi sou géif decidéieren.

Do ass d'Paulette Lenert méi virsiichteg a wëll sech net festleeën, zemools wou sech an der Wanterméint d'Situatioun nees séier kéint verschlechteren, absënns och wat d'Admissiounen an de Spideeler ugeet, respektiv d'Zuel vu Patienten, déi op der Intensivstatioun behandelt ginn.

Decisioune missten ëmmer geholl ginn um aktuellste Stand vum Wëssen a jee no der epidemiologescher Situatioun, sou d'Santésministesch.

D'LSAP-Politikerin huet awer och preziséiert, datt d'Regierung bis dato keng global Evaluatioun vun allen Covid-Mesurë gemaach huet, déi wärend dem Etat de crise geholl gi waren.

Trotz allem hätt et awer eng Analys vun den Covid-Fäll bei Schüler ginn oder och vill Publikatioune vum Statec.

D'Paulette Lenert ass iwwerdeem d'Invitée vun der RTL-Redaktioun de nächste Méindeg um 8.10 Auer.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro

Back to Top
CIM LOGO