Doumkapitel nees komplettPatrick Muller a Claude Bache am héchste Gremium vu Kierch opgeholl

RTL Lëtzebuerg
Nom Depart vun den Deche Raymond Streweler a Martin Molitor goufen e Méindeg 2 nei Memberen an dësen héchste Gremium vun der kathoulescher Kierch opgeholl.
© cathol

Dëst sinn de Generalvikar Patrick Muller an de Maacher Deche Claude Bache.

Deemno setzt sech d'Doumkapitel elo nees aus 9 Memberen zesummen, woubäi de Weibëschof Léo Wagener un der Spëtzt steet vum Doum-Chapitre.

Weider Memberen am Doumkapitel sinn ënnert anerem den Doumpropst Georges Hellinghausen, grad wéi ënnert anerem d'Geeschtlech Edmond Ries, Nicolas Wenner an Tom Kerger.

Zanter 2 Joer setzt sech den Äerzbistum aus 33 Paren zesummen.

Back to Top
CIM LOGO