
Beim Prozess géint e Mann, deen ugeklot ass, well hien den 2. Januar 2019 zu Wolz mat sengem Auto an e Grupp vu 5 Leit gerannt ass an domat säin eegene Bouf ëmbruecht huet, koumen e Freideg de Moien d’Affekote vun den Affer souwéi och de Vertrieder vum Parquet zu Wuert.
“Ech hoffen, Dir vreckt alleguer. Et ass souwisou deng Schold”, mat dëse Wierder fänkt de Vertrieder vum Parquet säin Discours un. Dëst sollen nämlech 2 Zeien no och d'Wierder gewiescht sinn, déi den Ugeklote senger Ex-Frëndin, Mamm vu sengem duerch d'Dot verstuerwene Kand, no der Kollisioun vu sengem Auto mat dem Grupp, un de Kapp gehäit hunn.
Déi ganz Ausféierung vun de Faite wärend de leschte Verhandlungsdeeg géinge kloer dorop hiweisen, datt den Ugeklote bei vollem Bewosstsinn gehandelt huet. Et géing sech hei kloer net ëm en Accident handelen, sou de Parquet. Et wier deen Dag eng Roserei zum Ausdrock komm, déi dozou gefouert hätt, datt hien absichtlech säi Won an de Grupp gestéiert huet. An dat mat der Intentioun souvill wéi méiglech Schued unzeriichten. Dofir plädéiert de Parquet ob Mord a versichte Mord, a fuerdert eng liewenslaang Prisongsstrof fir den Ugekloten.
Den Affekot vun engem vun den Affer stellt d'Fro, déi bis haut net konnt beäntwert ginn: “Wou kann een esouvill Haass opbréngen, fir dat dout ze maachen, wat engem am nooste steet?” Schockéiert ass hien doriwwer, datt den Ugekloten zu kengem Moment e Regret ausgedréckt, säi Kand ëmbruecht ze hunn. Wärend dem ganze Prozess wier hien ouni Emotioune bliwwen.
Den Affekot vum Ugeklote seet dogéint, et géing versicht ginn, säi Mandant ze diaboliséieren. Dëse wier ni aggressiv gewiescht a sengem Liewen a säi Casier wier eidel. Dat géing kloer géint eng Kuerzschloss-Reaktioun schwätzen, an ebe fir en Accident. Datt säi Mandant nom Accident sot: “Du bass souwisou un allem Schold”, géing falsch interpretéiert ginn. Et wier am Sënn gemengt gewiescht, datt den trageschen Accident ni passéiert wier, wa seng Ex-Frëndin him net zanter 2 Woche virenthalen hätt, säi Bouf ze gesinn. Schliisslech hätt den Ugekloten deen Dag just mat hir schwätze wëllen, wou en de Grupp deen Dag zoufälleg gesinn huet.
Den Ugekloten hat um Schluss vum Prozess da keen Interêt méi um leschte Wuert. D’Urteel gëtt de 15. Juli geschwat.
RTL-News: Tragesche Familljesträit zu Wolz: Déi éischt Zeie goufen en Donneschdeg gehéiert
RTL-News: Tragesche Familljesträit zu Wolz: Mann war a Grupp vu Leit gerannt, Verdeedegung schwätzt vu "Blackout"