
„Géint déi zwee Ugekloten ass de Vol mat der Circonstance aggravante vum Mord zréckzebehalen: D'Affer goufen op eng brutal Aart a Weis ëmbruecht!“: Mat deene Wierder huet de Vertrieder vum Parquet e Mëttwoch um Stater Geriicht am Prozess géint zwee Männer wéinst zwee Morden, am November 2016, um Schléiwenhaff a beim Fräiheetsbam de Schluss vu sengem Requisitoire ugefaangen, fir kuerz dono liewenslänglech fir den Haaptbeschëllegten, nieft ënner anerem der Confiscatioun vun der Waff, an 22 Joer Prisong fir den zweeten Ugekloten ze froen.
Säi Requisitoire war domat lassgaangen, dass de Vertrieder vum Parquet betount huet, d'Affer wären net vergiess an et géif ëm si goen, woubäi kee Partie civile gemaach hätt fir si, déi ideal Victimmen. D'Affekote vun de Beschëllegten hätten zwee Fräispréch gefrot: „Et war awer een!“, sot de Vertrieder vum Parquet, deen erkläert huet, seelen esou eppes Onnëtzes gesinn ze hu wéi den Doud vum Drogendealer a vun der Prostituéiert. „Mir si bei zwee Affer hänke bliwwen, dobäi ware mer fir mech um Ufank vun enger Serie!“, huet de Vertrieder vum Parquet gemengt. Kloer Fakte wären ënner anerem déi, dass béid Victimmen eng Kugel am Kapp haten, hiren Doud net hätte komme gesinn, d'Waff eng vum Haaptbeschëllegte war an et DNA-Spuere vun him gouf.
Dee Mann hätt Droge geholl, e ganze Koup Scholde gehat a wär um Enn gewiescht. Säi Message „Hues De Loscht, een ëmbréngen ze goen, oder soss eppes?“ e puer Stonne virun der 1. Dot géif beleeën, dass déi geplangt war, an et wär och dozou komm. Am Auto hätt eng geluede Waff geleeën, mat Schalldämpfer drop. Fir deen Iwwerfall hätte si zu zwee misse sinn a misse wëssen, wat kënnt. Woubäi den zweeten Ugeklote gefuer wär an den Haaptbeschëllegte geschoss hätt; doru géif et, Zitat, „absolut keen Zweifel“ ginn.
Un der Waff wär keng DNA vum zweeten Ugeklote gewiescht, an den Haaptbeschëllegte kéint net gefuer sinn, mä hätt hanne gesiess a geschoss. Allerdéngs hätt den zweeten Ugekloten d'Konsequenze vun där concertéierter, gewollter Aktioun mat a Kaf geholl. Déi zweet kalbliddeg Dot da géif eleng op de Kont vum Haaptbeschëllegte goen. Seng Hemmschwell wär no der 1. Dot gefall. Woufir ebe liewenslängleche Prisong fir hien an 22 Joer fir den zweeten Ugekloten ubruecht wären. Den Haaptbeschëllegte sot sech um Enn perplex wéinst der Fuerderung no liewenslänglech, iwwerdeems den zweeten Ugekloten ervirgestrach huet, vun deem aneren eragezu ginn ze sinn.
D'Urteel ass fir den 8. Januar.