
Kuerz virun 22 Auer huet en Onbekannten engem Passant an der Route de Thionville eng Goldkette vum Hals gerappt a sech a Richtung Rue Dernier Sol duerch d'Bascht gemaach.
Beim Täter handelt et sech ëm e Mann vun dënner Statur, deen ongeféier 1,70 Meter grouss ass an en "Dreitagesbart" huet. Hien hat eng blo Joggingsbox un, en T-Shirt an eng Kap.
Weideren Iwwerfall
Géint 23.30 Auer war e Mann ze Fouss an der Groussgaass ënnerwee. Eng jonk Fra huet sech vun hannen un hien erugeschlach a versicht, hien ofzelenken. Wärenddeem huet d'Affer eppes am Genéck gespuert an huet misse feststellen, dass seng Halskette verschwonne war. D'Fra huet sech a Begleedung vun 2 anere Persounen a Richtung Clausen aus dem Stëbs gemaach.
Hei läit keng genau Persounebeschreiwung vir. Et ass just bekannt, dass et 3 jonk Leit waren, alleguerten am Alter vun ongeféier 20 Joer. Allen 3 haten e Rucksak dobäi.