ZeienopruffOnbekannter hu Bremse vun Unhänger lassgemaach an a Richtung Baach gedréckt

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht och no Zeie wéinst engem Tëschefall an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg zu Miedernach.
© Police Lëtzebuerg

Um Waasserwee hunn Onbekannter d'Bremse vun 3 Unhänger lassgemaach an a Richtung Baach gedréckt. Ee vun den Unhänger ass an der Baach gelant. All Informatioun ass fir de Policebüro Dikrech/Veianen ënnert der Nummer +352 244 80 1000 oder per E-Mail: Police.DIEKIRCHVIANDEN@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO