ZeienopruffOnbekannt Männer haten am Januar dëst Joer mat geklauter Kreditkaart bezuelt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police en Dënschdeg matdeelt, krut e Mann de 24. Januar dëst Joer géint 19 Auer säi Portefeuille zu Esch am Quartier "Neiduerf" geklaut.
© Police

Den Dag drop gouf mat den dora geklaute Kreditkaarten tëscht 10.15 a 15.46 Auer op e puer Plazen ouni Kontakt bezuelt. Wéi sech am Laf vun den Ermëttlungen erausgestallt huet, waren d'Täter mat enger wäisser Camionnette vun der Mark Peugeot mat den italienesche Placken FG-705YP ënnerwee.

An deem Kader sicht d'Police no 2 onbekannte Männer (Detailer op de Fotoen). All Informatioun ass fir den Escher Kommissariat (+352) 244501000 oder per E-Mail: police.esch@police.etat.lu

© Police

mailto:police.esch@police.etat.lu

Back to Top
CIM LOGO