Äntwert op parlamentaresch FroOch weiderhi keng Juegd op Kormoranen zu Lëtzebuerg

Roy Grotz
Et stëmmt net, datt de Kormoran zu esou enger Plo am Land ginn ass, datt en e Risk fir bestëmmt Fëschzorten duerstellt.
© AFP

Keng Jugd op Kormoranen / vum Roy Grotz

Dat äntwert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro a preziséiert, datt et och an Zukunft wäert dobäi bleiwen, datt dës Zort vu Vullen net dierfe gejot ginn. Wat stëmmt ass, datt et eng Partie Kormoranen am Land ginn, respektiv driwwer fléien, mä datt se net hei bréien.

D'Zuele beleeën d'Aussoe vun der Ministesch: sou goufen tëscht Mee an August laanscht d'Musel an d'Sauer bis zu 50 Kormorane gezielt, méi awer net. Mä substantiell sinn d'Vullen-Observatiounen am Wanter, wou jee no Mount an der Moyenne tëscht 300 an 500 Kormorane laanscht Lëtzebuerger Flëss a Gewässer wärend dem Iwwerwantere gezielt goufen.

Den DP-Deputéierten an Éierepresident vum Sportfëscherverband Gusty Graas wollt wëssen, ob et net eng Iwwer-Populatioun vu Kormorane gëtt an ob dës misst reguléiert ginn, wéi et zB op Plazen an Däitschland a Frankräich de Fall ass.

Nee, seet d'Ministesch Dieschbourg, et brauch keng Regulatioun ze ginn an den Agrëff vum Friessverhale vum Kormoran an d'Fëschbestänn wär net signifikativ. Villméi géifen dës Bestänn duerch mënschlecht Agräifen erofgoen, also duerch Ofwässer a soss Knascht, deen a Flëss a Baache leeft.

Dofir setzen d'Responsabel am Ëmweltministère och net drop, fir Vullen-Zorte joen ze loossen, wat souwisou duerch eng EU-Direktiv verbueden ass, mä villméi op d'Qualitéit vum Waasser, déi soll verbessert ginn, wéi zum Beispill duerch modern Kläranlagen oder och duerch Renaturéierungsmesuren.

Et ginn awer Derogatiounen, ënnert deene kënne Vulle geschoss ginn, dës gëllen dann, wann d'Santé public zum Beispill a Gefor ass, wann et eng Gefor fir d'Loftsécherheet gëtt oder fir uerg Schied bei Kären-Kulturen oder dem Véibestand ze verhënneren. All dës Facteure géifen der grénger Ministesch no net hei am Land spillen, op d'mannst net bis datt eng wëssenschaftlech Etüd géif beleeën, datt eng speziell Fëschzort effektiv a Gefor duerch de Kormoran kéim, wat net de Fall wier. Nëmmen da kéint eng Derogatioun zum strikten Schutz vun dëse Vullen gëllen.

Domat bleift d'Juegd op de grousse Kormoran hei am Land verbueden an et ass weiderhin e séchere Liewensraum fir dës Vullen-Zort assuréiert. Vu Plo ka keng Rieds goen. Bis an d'70er Jore waren d'Kormoran-Bestänn an Däitschland iwwerdeem quasi komplett deziméiert.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro

Back to Top
CIM LOGO