
An der Mail geet et drëm, fir drop hinzeweisen, dass d'Nohëllefscoursen, an déi ee sech um Ufank vun der Vakanz aschreiwen konnt, d'nächst Woch ufänken.
Donieft, sou de Claude Meisch, kritt och jiddereen, deen d’Méiglechkeet net huet, fir un den Nohëllefscoursen deelzehuelen, d’Geleeënheet, fir doheem ze léieren an d’Matière aus der Schoul opzefrëschen.
Op www.schouldoheem.lu fënnt een nämlech Léier- an Übungsmaterialien, déi a Form vun Dossieren opgeschafft goufen. Dës kënnen d’Schüler doheem notzen, fir eleng oder zesumme mat hiren Elteren ze léieren.