Et ginn déi, déi einfach mol drop lass wanderen. An déi aner, déi dat am Club maachen. Dat ass souguer zimmlech beléift. Zu Lëtzebuerg ginn et ëmmerhin 49 Wanderveräiner.
D'Federatioun feiert nächst Joer hire 50sten Anniversaire. Ma zanter Mäerz konnt keng sougenannte Marche populaire méi organiséiert ginn. E Samschdeg war et dofir Zäit fir den éischten nationalen digitale Wandersportdag.
D'Malou an hier zwou Frëndinnen hunn sech huerteg um Handy de Wanderwee ugekuckt a lass goung et. Den Trio hellt scho laang Joren zesummen u Wandertouren deel. Als Clique eppes erliewen, mécht den 3 Damme Spaass.
A normalen Zäiten huelen an der Moyenne op engem Sonndeg ronn 1.200 Leit un Wanderungen deel. Op eleng, an der Famill oder ënner Frënn. D'Gesellegkeet steet bei dëser Aktivitéit am Virdergrond.
D'Iddi, eng digital Wanderung unzebidden, ass aus der Nout eraus entstanen.
Ganz vill Wanderfrënn sinn um Feierdag och laanscht den Iechternacher Séi spadséiert. Dëse Parcours vu ronn 6 Kilometer war ausgeschëldert.
Hat ee säin Tour hannert sech, gouf et op der Arrivée e Stempel, ier de Feierdag gemitterlech op enger Terrass ausklénge gelooss gouf.