Jean Asselborn"Net am Feeler, de Rechtsstaat ze mëssuechten"

RTL Lëtzebuerg
Zuelen avancéiert den Ausseminister Jean Asselborn keng a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Adr-Deputéierte Fernand Kartheiser.

Dee wollt nämlech méi genee wëssen, wéi vill mol sech de Jean Asselborn iwwert riichterlech Decisiounen ewechgesat huet an d'Souverainitéitsklausel, also den Artikel 17 vum Dublin III-Ofkommes invoquéiert huet. Mat där Klausel kann de Minister entscheeden, ob een Dossier vun engem Flüchtling op internationale Schutz gepréift gëtt oder net.

U sech misst dat dat Land maachen, wou de Migrant seng éischt Demande gestallt huet. Et wier "statistesch net ze erfaassen, wéi wäit de Minister perséinlech an engem Dossier implizéiert war".

An der Äntwert gëtt just vun wéinegen Decisiounen a vun enger "staark limitéierter Unzuel vun Dossieren" geschwat.

De Minister gesäit sech och net am Feeler de Rechtsstaat ze mëssuechten. Hie géif och net gesinn, datt Decisioune vum Minister Auswierkungen op eng méiglech Demotivatioun vu Riichter hätt.

Dat war jo eng vun de Reproche vum President vum Verwaltungsgeriicht Marc Sünnen, datt bannent 9 Joer 7 Riichter gaange sinn. Si géife mengen, datt hir Aarbecht devaloriséiert géif ginn. Dat geet aus dem Rapport d'activités vum Verwaltungsgeriicht ervir.

PDF Parlamentaresch Fro an Äntwert

Back to Top
CIM LOGO