E Freideg an der ChamberNeit Covid-Gesetz mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl

Pierre Jans
Lynn Cruchten
E Freideg de Mëtteg gouf an der Chamber am Cercle déi nei Versioun vum Covid-Gesetz ugeholl.
Neit Covid-Gesetz an der Chamber
Mat de Stëmme vun der Majoritéit gouf dat neit Covid-Gesetz e Freideg an der Chamber ugeholl.

Covid-Gesetz an der chamber gestëmmt / Pierre Jans

Mat de Stëmme vun de Majoritéitsparteien an der Chamber gouf schonn dat 10. Gesetz an der Lutte géint de Coronavirus e Freideg ugeholl. D'CSV ass d'Accord, dass déi aktuell Restriktiounen also ëm 3 Woche bis den 21. Februar verlängert ginn. Der gréisster Oppositiounspartei feelen awer déi grouss Strategie an d'Previsibilitéit, deemno huet si dogéint gestëmmt. Grad ewéi déi aner Oppositiounsparteien. Generell gëtt e Manktem u Koherenz bei den Decisioune vun der Regierung beklot. Iwwer déi eenzel Mesuren, wéi zum Beispill de Couvre-feu tëscht 23 Auer owes a moies 6 Auer gouf e Freideg an der Chamber net méi wierklech debattéiert. Et goung éischter ëm d'Gestioun vun der Corona-Kris mat all hiren Aspekter. Vun de Reesrestriktiounen iwwer d'Impfstrategie bis bei den Dateschutz.

Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler huet gefuerdert, dass d'Situatioun vun den Infektiounen an an de Spideeler méi reegelméisseg evaluéiert gëtt, zwee Mol d'Woch am Beschten. Wann déi aktuell positiv Situatioun kippe géif, dierft ee mat neie Mesuren net dräi Woche waarden. "Mir maache bei der Santé all Dag de Monitoring", sot d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert dorop.

D'Chamber an d'Regierung maache sech Suerge wéinst den neie Variante vum Coronavirus. Aktuell wär een an enger ganz onstabiller Situatioun. Iwwert déi nei Mutatiounen, déi brittesch an déi südafrikanesch, wär ganz wéineg gewosst, huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert ze bedenke ginn. De Risiko ass héich an den Enjeu grouss.

Aus Sécherheetsgrënn freet d'CSV dofir eng Quarantän fir Leit, déi zu Lëtzebuerg ukommen, aus Länner wou dës nei Variante wäit verbreet sinn.

A Portugal ass dat de Fall. Do ginn d'Neiinfektioune mam Virus duerch de Plaffong. D'Spideeler sinn iwwerfuerdert. Portugal huet international Hëllef ugefrot. Lëtzebuerg wäert zwee Covid-Patienten ophuelen an hei behandelen. Dofir krut d'Regierung Luef vun der Oppositioun.

Fir de gesondheetleche Suivi ze maache vun de Leit, déi geimpft goufen, wäerten eng Rei perséinlech Donnéeë gehale ginn, huet d'Paulette Lenert gesot. Kritik dofir vun de Piraten. Den Text wär net kloer. Wéi laang ginn dës Date conservéiert? Op dës Fro gëtt et aktuell keng Äntwert. Anescht ewéi d'Piraten dat awer géifen duerstellen, gi keng Lëschten ugeluecht mat Bierger, déi sech net impfe loossen, verséchert d'Paulette Lenert. Dat kéint an engem nächste Gesetzprojet awer präziséiert ginn, esou de Rapporter vum Gesetzprojet Mars Di Bartolomeo.

D'Restriktiounen déi lescht Wochen hätten hir Wierkung gewisen, huet de Premier Xavier Bettel betount. Et wär awer net de Verdéngscht vun der Regierung, dass d'Situatioun sech zanter de Chrëschtdeeg däitlech verbessert hätt, mä dee vun de Biergerinnen a Bierger.

Testen, Retracéieren an Impfen

D'Regierung preparéiert dann déi drëtt Phas vum Large Scale Testing. Déi aktuell Phas, déi sech Blo-Rout-Gréng 60 Milliounen Euro kaschte gelooss huet, leeft nach bis Mäerz.

Am Regierungsrot gouf deemno e Gesetzprojet ugeholl, deen dem Staat et erlaabt sech un der drëtter Phas finanziell ze bedeelegen.

D’Large-Scale-Testing-Teststatioun um Findel ass zanter e Freideg a bis op Weideres zou. Persounen, déi op Lëtzebuerg reesen, mussen elo scho virun hirem Depart mam Fliger zréck op Lëtzebuerg e Covid-19-Test maachen. D’negatiivt Resultat vun deem Test däerf bei hirer Arrivée net méi al wéi 72 Stonne sinn.

Et gëtt also weider op d'Strategie vum Testen, Retracéieren an dem Impfe gesat - Vaccinatiounen, déi an den Alters- a Fleegeheemer zu 85% vun de Pensionnairen och matgemaach ginn.

Wat den Taux ugeet, deen d'Leit aus dem Extra-Hospitalier betrëfft, déi e Rendez-vous geholl hunn, fir sech impfen ze loossen, sou huet d'Paulette Lenert richteg gestallt, datt deen net bei 30% bliwwe wier, mee bei knapp 49% geleeën hätt - wat e gudde Score wier, wëll vill vun dëse Leit géife Schichte schaffen an net am Land wunnen.

Wat fir d'Gesondheetsministesch kloer ass, e Verglach tëscht Virus a Gripp ass net ze maachen.

Extrait Paulette Lenert

A puncto Vaccinatioune war et nach d'Prezisioun vun der Gesondheetsministesch, datt kee Vaccin géif leie bleiwen oder ewechgehäit ginn.

Bis Mëtt Februar wier och d'Personal aus alle Spideeler duerch-geimpft.

E Méindeg gëtt iwwerdeem vun der Santé public gemaach, wéi d'Definitioun vun der Vulnerabilitéit am Detail ass a fir wéi eng Alterskategorien dës Ufällegkeet gëllt.

Kuerzen Iwwerbléck vun den aktuelle Mesuren

Et bleift beim Couvre-feu tëscht 23 Auer owes a moies 6 Auer, wou all net-essentiell Deplacementer verbuede sinn, d'Reegele fir Rassemblementer, respektiv bei sech Doheem maximal 2 Leit aus engem selwechte Stot ze gesinn, bleiwen onverännert strikt a streng.

D'net-essentiell Butteker wéi Coifferen oder soss Geschäfter bleiwen op, mee mat strikte Reegelen a Limitatiounen, sou dierf zum Beispill nëmmen ee Client op 10 Meter-Carré zerwéiert oder empfaange ginn.

Och kulturell a sportlech Aktivitéite bleiwen erlaabt, mee mat virgeschriwwene Restriktiounen.

Sou dierfen a Piscinnen zum Beispill nëmme maximal 6 Schwëmmer pro Couloir vu 50 Meter am Basseng ënnerwee sinn.

Back to Top
CIM LOGO