AllerséilenNeie Kardinol an Äerzbëschof um Nikloskierfecht um Lampertsbierg

Tim Morizet
Eng Usprooch gouf et hei vum neie Kardinol a Lëtzebuerger Äerzbëschof um Nikloskierfecht.
Neie Kardinol an Äerzbëschof um Nikloskierfecht um Kierchbierg
Eng Usprooch gouf et och vum neie Kardinol a Lëtzebuerger Äerzbëschof um Nikloskierfecht.

Den Nikloskierfecht, offiziell de Cimetière Notre-Dame, ass een vun den Traditiouns-Kierfechter am Land. Sou muncher groussen Numm läit hei um Lampertsbierg begruewen. Vill grouss monumental Griewer, e puer dovu sinn och klasséiert. Den Nikloskierfecht ass ee vu 13 Gemengen-Kierfechter vun der Stad Lëtzebuerg. Et ass och deen, deen traditionell vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich besicht gëtt, fir eng Usprooch ze halen. A speziell deene Leit Courage ze wënschen, déi op dësem Dag un hir Verstuerwen ze denken.

Et sollt een och net vergiessen, esou den Äerzbëschof, datt d'Chrëschtentum keng Relioun vun Trauer ass, mee eng Relioun, déi an der Trauer Hoffnung gëtt, nämlech Hoffnung op Liewen.

Den Dag no Allerhellegen, wou un déi Helleg geduecht gëtt, ass haut um 2. November den Dag, op deem un all déi Doudeg, an deenen hir Séil soll geduecht ginn. Dofir ginn och scho meeschtens de Dag virdrun d'Griewer geseent, dekoréiert a vun der Famill besicht.

Back to Top
CIM LOGO