
"Et soll iwwert Virurteeler, Diskriminéierung a Rassismus geschwat ginn, eng Debatt driwwer gefouert ginn. A mir bidden den Enseignanten a Schüler eng Plattform, fir dat ze maachen." Dat gouf e Mëttwoch de Moien bei der Presentatioun vun enger neier Plattform mam Numm "Cliché" betount. Et soll eng oppen a participativ Plattform sinn, bei där d'Fotografie eng zentral Roll spillt.
Dofir och den Numm "Cliché", deen engersäits fir d'Stereotyppen, mä awer eben och fir d'Fotografie steet. Cliché.lu soll de Kënschtler eng Méiglechkeet ginn, Projeten ze presentéieren, déi am Lien mat der Integratioun am Vivre ensemble sinn. Viséiert sinn awer net just Artisten, wéi den Direkter vun der Ouevre, Emile Lutgen, betount:
"Déi aner Populatioun, un déi mer eis wenden, sinn d'Historiker, Soziologen, Politologen - u sech all déi Leit déi sech mat der Thematik ofginn. De Public cible, dee mer mat abanne wëllen, sinn d'Schüler, Studenten, Scouten oder Maison de jeunes. "
D'Fotoe sollen am Virdergrond stoen, allerdéngs net eleng déi vu Professionellen, betount d'Antonia Ganeto vum Interkulturelle Bildungszentrum:
"An dofir soll och Plaz sinn, datt Jonker oder soss Interesséierter hir Fotoen eraschécken, fir datt mer déi géintiwwer kënne stellen an en Dialog tëscht verschidde Perspektive schafen. Bild, Text a Film si Mëttelen, déi perfekt sinn dofir."
D'Plattform bitt awer méi wéi just Fotoen, mä och Film an Texter:
Dës Texter vu Schrëftsteller/innen, Experten, Temoignagen vu Leit, déi hei zu Lëtzebuerg liewen oder heihi gezu sinn. Et sinn Aktivitéiten a pedagogesch Dossiere fir Multiplicateurinnen a Multiplicateuren, déi mat Jonke schaffen a verschiddene Kontexter. A mir wëllen an dësem Kontext d'Thema Migratioun mat der Konschtwelt verbannen an dofir proposéiere mer och participativ, artistesch Projeten."
D'Oeuvre huet dann och en Appell à projet vu ronn 135.000 Euro lancéiert. Dorënner fir Kënschtler, Enseignanten an Educateuren a jonk Gruppen.