
„Et war vill Aarbecht, fir d'Deadline vu Mëtt November anzehalen, mä et huet geklappt!“: Dat sot e Freiden en zefriddene Procureur général d'État adjoint am RTL-Interview. dora goung et ëm déi circa 43.000 Urteeler, déi zanter en Donneschden op zwou neien Datebanke vun der Justiz fir jiddereen zougänglech sinn. Et fënnt een engersäits eng 29.500 Extraite vu Justizdecisiounen, déi e gewëssenen Interêt hunn, an anerersäits ronn 13.500 kompletter, déi anonymiséiert sinn.
Et sinn dat Urteeler vum Ieweschte Geriichtshaff, vum Stater a vum Dikrecher Geriicht a vun de Friddensgeriichter an der Stad, zu Esch an zu Dikrech. Si komme bei d'Urteeler vum Verfassungsgeriicht, der Cour de Cassation a vum Verwaltungsgeriicht dobäi, déi bis dato schonn um Internetsite justice.lu ze fanne waren.
Et war e Besoin do, ënner anerem vu Säite vun den Affekoten, seet de Jeannot Nies, woubäi och dat sougenannt „Open data“-Gesetz vum Mee virgeschriwwen huet, fir anonym Donnéeën, déi d'Leit interesséieren, op den Internet ze setzen. Zu den zwou Datebanke war et dës Ausso vum Procureur général d'État adjoint:
Déi éischt Base de données, dat ass dee sougenannte JUDOC. JUDOC steet fir „Justice Documentation“. Dat sinn Urteeler, wou eng ganz Ekipp vu Magistraten all Urteel, wat e bëssen interessant ass, duerchliest. Si maachen en Extrait dovun, do ass eng juristesch Logik dohannert. Deen zweeten Aspekt, dat sinn d'Bases jurisprudence. Dat sinn Urteeler vun de Geriichter, déi integral verëffentlecht gi sinn. Déi sinn awer da pseudonymiséiert, wat d'Privatpersounen ubelaangt.
Bei Gesellschaften ass dat net virgesinn, ma et gëtt an Zukunft awer gemaach, betount de Jeannot Nies. Fir deen an den zwou Datebanken all Haus vertrueden ass, dat eng Decisioun geholl huet déi, an deem 1. Fall, am JUDOC, juristesch relevant ass, an am zweete Fall interessant genuch war, dass se d'Press oder d'Affekoten oder een interesséiert huet!
Et ass eng Recherche mat Stéchwierder méiglech, oder et kuckt een no Matièren, respektiv Juridictiounen, woubäi eng Gebrauchsuweisung um Site ass. Déi zwou Datebanke ginn no an no aktualiséiert, dat heescht, wann e Pak Decisioune prett ass, da gëtt en drop gesat. Och de Bierger kann um Internetsite vun der Justiz en Urteel fannen oder et ufroen, ënner credoc@justice.etat.lu:
Da kréien ech se an enger méiglechst kuerzer Zäit. Wann elo natierlech vill Demandë kommen, dann dauert et méi laang, informatesch geliwwert: Da kascht et am Prinzip näischt, fir se geliwwert ze kréien. Ech muss awer och soen: Entweder kréien ech se am Pabeier - dann ass et, wéi et am Gesetz virgeschriwwen ass, au prix coûtant, oder, wat ganz wichteg ass, dat mussen d'Leit och dobausse wëssen , eng Interrogatioun vum Service Doc gëtt, gemäss Gesetz, 25 € berechent.
Wougéint et am Fall vun enger wëssenschaftlecher Recherche näischt kascht.
Dem Jeannot Nies no ass ee gutt opgestallt mat deem, wat een elo huet; et bleift een awer dohannert. Et muss ee mat der Zäit goen, soss geet ee mat der Zäit!