
Zanter e Méindeg de Moien ass et dann elo och méiglech, seng Demarchen an Ufroen op MyGuichet.lu digital an der App ze consultéieren. Am Beräich vun de Covid-Dokumenter sinn déi néideg Virgäng scho méiglech. Zanter ugangs des Joers bis den 20. Juni goufen et esou 2,2 Milliounen Demarche fir Covid-Zertifikater. Dofir ass et aktuell besonnesch interessant, datt een iwwert d'Applikatioun - also um Smartphone - och elo Accès op seng Impf-Zertifikater huet.
Marc Hansen, Minister fir Digitaliséierung: "Eng App fir seng Demarchen, déi ee mécht beim Staat, fir déi ze maachen, wéini ee wëll, wou ee wëll a wéi ee wëll. Dat heescht, dat hei ass am Fong sou den digitale Grondsteen, fir nach méi benotzerfrëndlech Services publicen ze maachen. Déi App, déi passt dann natierlech och zu där Strategie, déi mir eis ginn hunn, dass een als Bierger oder Betrib seng digital Demarche ka maachen, sief et um Computer, um Laptop, um Smartphone oder um Tablet. Wat fir eng Funktionalitéiten hu mir elo am Ufank dropgesat. Dat sinn natierlech déi, wou un de Covid-19 gebonne sinn, dat ass fir Rendez-vousen ze huele fir d'Impfung, dat ass fir Rendez-vousen ze huele fir den Depistage séréologique, dat ass, fir Invitatioune fir de PCR-Test Rendez-vousen ze huelen an doniewent och, fir Rendez-vousen ze huele bei der CNS oder fir zum Beispill een Extrait aus dem Casier ze froen."An den nächste Méint sollen dann, no an no, all d'Demarchen, déi ee soss um Internetsite gemaach huet, och an der App erëmzefanne sinn. Do kann een dann all seng Donnéeë consultéieren, seng Kommunikatiounen nokucken an nei Demarche maachen. Elteren hunn dann och an Zukunft Accès zu allen Dokumenter vun hire mannerjärege Kanner.Marc Hansen: "Wat kann een elo mat där App MyGuichet alles maachen? Et kann een direkt am Ufank eng ganz Rei administrativ Demarchen initiéieren a suivéieren, et wäert ee kënnen iwwert déi App Pièces jointen eroplueden, och wann ee seng Demarche um Computer mécht, kann een den Handy mat senger App als Scanner benotzen, an et kann een och kucken, wou seng Echangë mat de Verwaltungen dru sinn."Fir sech unzemellen, geet et duer, ee perséinleche Kont bei MyGuichet ze hunn a sech eng Kéier mat senge perséinlechen Donnéeen um Internetsite unzemellen. Do kritt een dann ee QR-Code ugewisen, deen ee mat senger MyGuichet's App scanne muss. Vun deem Moment un ass d'App un de System gekoppelt. Wann ee bis eng Kéier ugemellt ass, geet de Face-ID oder d'Pin duer, fir nees an d‘App eranzekommen. D'Applikatioun léisst sech an 3 verschidde Sproochen ëmstellen a kann op méi Apparater benotzt ginn. Fir seng Dokumenter eropzelueden, brauch ee just eng Foto ze maachen oder de QR-Code ze scannen. Wann déi perséinlech Donnéeen an der App bis gespäichert sinn, kënne se bei weideren Demarchë ganz séier an automatesch agefëllt ginn, wat engem zousätzlech Zäit spuert.

Marc Hansen a présenté la nouvelle application mobile MyGuichet.lu, un pas décisif vers des services publics accessibles aussi sur smartphones et tablettes (05.07.2021) | |
| |
Le 5 juillet 2021, Marc Hansen, ministre délégué à la Digitalisation, a présenté la nouvelle application mobile MyGuichet.lu, développée par le Centre des technologies de l’information de l’État (CTIE). Cette application propose aux citoyens d’accéder à leur espace privé dans MyGuichet.lu en utilisant leur smartphone ou leur tablette. Dans un monde de plus en plus tourné vers des solutions «mobiles», ce nouveau moyen d’accès à MyGuichet.lu est une concrétisation majeure de l’engagement énoncé dans la Gouvernance électronique 2021-2025 d’offrir aux citoyens une accessibilité «cross-média» des services publics numériques, accessibles sur smartphones et tablettes. D’après Marc Hansen, il s’agit d’un pas essentiel vers une modernisation des services publics numériques. «Nous offrons ainsi aux utilisateurs de se connecter d’où ils veulent, quand ils le veulent et, dorénavant, aussi comme ils veulent». Pour sa part, Patrick Houtsch, directeur du CTIE, a insisté sur la simplicité d’utilisation de cette nouvelle app. Pour illustrer ses propos, il a expliqué la procédure pour coupler son application à son compte personnel dans MyGuichet.lu. «En quelques étapes seulement l’utilisateur a accès aux fonctionnalités du portail. Et une fois le couplage activé ainsi que les données biométriques, il n’aura plus à s’en soucier à l’avenir.» Disponible sur Apple App Store et Google Play Store, l’application mobile MyGuichet.lu est vouée à se développer rapidement pour simplifier l’accès des citoyens aux services publics de l’État. Lors de son lancement, l’app MyGuichet.lu propose déjà un certain nombre de ces démarches et fonctionnalités.
Cette fonctionnalité représente un atout majeur de l’application mobile. En effet, l’utilisateur peut dorénavant ajouter des pièces justificatives à ses démarches en les photographiant aisément avec son appareil mobile. La photo est transformée automatiquement en format pdf et intégrée instantanément à la démarche en cours, sans devoir utiliser, par exemple, à un scanner, et sans étapes intermédiaires compliquées pour l’utilisateur.
L’application mobile MyGuichet.lu permet à l’utilisateur de consulter les communications échangées avec les administrations et organismes publics dans le cadre de ses démarches en ligne (p.ex. confirmation de rendez-vous). De même, les documents pour lesquels la fonction eDelivery a été activée peuvent être également consultés par ce biais (détails de remboursement de la part de sa caisse de maladie, fiche de retenue d’impôt, etc.)
|