De 15. Dezember 2020 ass dat neit Klimaschutzgesetz a Kraaft getrueden, dat de Wee fir en effikasse Klimaschutz am Sënn vum Paräisser Ofkommes sollt fräi maachen. Lëtzebuerg wéilt bis 2030 d'CO2-Emissioun ëm 55 Prozent erofschrauwen, hat et viru 6 Méint vun de Ministeren Dieschbourg an Turmes geheescht. Bis d'Joer 2050 wéilt een a puncto CO2 komplett klimaneutral ginn.
Wéi de Mouveco awer elo kritiséiert, wier an deem Dossier nëmme wéineg geschitt. Déi wesentlech Exekutiounsreglementer géife 6 Méint nom Akraafttrieden nach ëmmer net virleien an ouni déi wier d'Gesetz en "zahnlosen Tiger".
Net am Gesetz verankert, wat déi global Ziler fir déi eenzel Secteuren Transport, Wunnen, Landwirtschaft, Industrie, Offall a Gewässerwirtschaft bedeiten. Konkret a spezifesch Objektiver, sou wéi entspriechend Engagementer fir dës Secteure gëtt et deemno nach ëmmer net. All eenzele Secteur misst seng Responsabilitéit huelen, sou de Christophe Murroccu vum Mouvement écologique.
Et ass net ee Secteur, deen et elo hei erauszepicke gëtt. Am Gesetz stinn eng 4 bis 5 Secteuren, wou mussen Efforte gemaach ginn. Dat heescht, mir kommen elo an en Transitiounsphas, wou mer mussen eigentlech all eenzele Secteur a sengen Emissioune reduzéieren.
Netregierungsorganisatiounen an de Mouveco haten drop gedrängt, dass déi sektoriell Reduktiounsziler sollten am Gesetz verankert ginn, ma et gouf awer vun der Regierung an Majoritéitsparteien decidéiert, dëst iwwer groussherzoglech Reglementer festzeleeën. Dës Reglementer louchen do nach net emol vir. D'Grënn, wisou d'Ziler net schonn am Gesetz festgehale goufen an och keen Entworf vun de Reglementer virlouch, géifen dem Mouveco no op der Hand leien, och wann dëst net an där Form zougi gouf. Et gouf kee Konsens an der Regierung, wéi ee Ressort wéi ee Bäitrag leeschte sollt.
Wat muss wou geschéien: Scho wou d’Gesetz gestëmmt ginn ass, hu mir als Mouvement écologique an aner Organisatioune gesot, datt et net duergeet, dass ee grouss Ziler fir Lëtzebuerg festleet, mä dass ee muss ganz konkret kucken, wéi ee Secteur muss iwwert d’Joren eraus wéi eng CO2-Emissioune reduzéieren. Also wat muss Industrie, Handwierk maachen, wat muss d’Landwirtschaft, wat d’Mobilitéit, wat muss am Beräich Wunne geschéien, a sou weider, esou d'Blanche Weber.
Dat wier schonn eng alarmant Situatioun, wann ee bedenkt, dass de Rapport vum Weltklimarot 2018 eng Zäitfënster vun 10 Joer ugëtt, fir d'Ziler vum Paräisser Ofkommes anzehalen. Elo géif behaapt ginn, dass de Retard beim Ausschaffe vun de sektoriellen Ziler de facto irrelevant wier. Déi verschidde Ministèren hätten iwwert déi lescht Jore schonn hir Aarbecht a puncto Klimaschutz opgeholl, ma déi rezent vun der EU verëffentlecht Zuele weisen de Géigendeel. D'Zäregas-Emissiounen 2019 hei am Land sinn ëm 1,7 Prozent geklommen. En Trend zanter 2016.
Wann net gewosst ass, wie wéi vill aspuere soll, da wäert et och net geléngen, déi gesaten Ziler z'erreechen. D'Politik misst endlech klären, wéi eng Secteure wéi ee Bäitrag fir d'Reduzéiere vun den CO2-Emissiounen ze leeschten hunn. Déi éiergäizeg an noutwenneg Ziler géife sech nämlech net duerch "Good-will"-Aktiounen erreeche loossen, ma verlaangt no engem konsequenten Handelen. De Mouvement écologique fuerdert nach virun der Summervakanz, dass en Entworf vun de groussherzogleche Reglementer virläit, dee kann diskutéiert a gestëmmt ginn.
Enn dës Joers soll evaluéiert ginn, ob déi eenzel Secteuren hir Ziler agehalen hunn. Witzeg, well d’Ziler si jo net festgehale ginn. Dat heescht, do gëtt elo eng Evaluatioun gemaach vun net festgeluechten Ziler, ob déi agehale goufen oder net. An nach besser, da steet am Gesetz eng total absurd Formulatioun, da soll och nach gekuckt ginn, wann ee Ressort seng Ziler net agehalen huet, wuel verstanen déi, déi net festgehale sinn. Da muss ee mat engem aner Ministère verhandelen, ob deen net bereet wär, déi Ziler vun deem Ministère, dee se net agehalen huet, ze iwwerhuelen.
Et hätt een eng juristesch Analys duerchféiere gelooss iwwert d'Fro, ob e weidere Retard wéinst dem Net-Anhale vun de Klimaziler viru Geriicht ka bruecht ginn. Bei där Analys wier erauskomm, dass een elo rechtlech Schrëtt kann envisagéieren.