Allergiker opgepasstMoschter am Produit "DLL Comme Chez Soi Pickles 340 ml"

RTL Lëtzebuerg
Wéi Delhaize en Donneschdeg matgedeelt huet, gouf bei enger Etikette-Kontroll festgestallt, datt bei engem vun hire Produiten eng Informatioun feelt.

Op den Etikette vum Produit "DLL Comme Chez Soi Pickles 340 ml" feelt den Allergen "moutarde".

Wien de Produit kaf huet an eng Allergie op Moschter huet, soll en an ee vun den Delhaize-Butteker zeréckbréngen. De Client gëtt rembourséiert. Leit ouni Allergie kënnen de Produit ouni Bedenke consomméieren.

An den Geschäfter gouf de concernéierte Produit direkt aus de Regaler geholl an d'Kontrolle beim Fournisseur verstäerkt.

PDF: Schreiwes vun Delhaize

Back to Top
CIM LOGO