De russeschen Impfstoff Sputnik V kënnt op 91,6% Wierksamkeet, eng Zuel déi vum renomméierte brittesche Wëssenschaftsmagazin "The Lancet" bestätegt gouf. Op en an der EU iergendwann autoriséiert gëtt, muss d'europäesche Medikamentenagence nach entscheeden, aus Russland koum d'Offer un d'EU vun 100 Milliounen Dosisse fir dat zweet Quartal.
Vill schlecht Nouvelle sinn an de leschte Wochen zirkuléiert. Vu 75.000 Persounen déi an enger vun de Phasen 3-Etüde geimpft goufen ass keng Persoun u Covid-19 gestuerwen. Zu Lëtzebuerg sinn um Stand 2. Februar knapp 12.000 Persoune geimpft. Den Undeel vu Persoune,n déi eng zweet Dosis krut, hëlt weider zou.
Als Invité am RTL-Podcast "Wellebriecher" sot den Intensivmedeziner Dr. Jean Reuter, datt am Kader vun der Discovery-Etüd och elo monoklonal Antikierper-Medikamenter solle getest ginn.
Déi monoklonal Antikierper-Medikamenter déi bei DisCoVeRy solle getest ginn, si net déi selwecht wéi déi den Donald Trump krut. De fréieren US-President krut d Präparat vu Regeneron-Roche. An der DisCoVeRy-Etüd solle monoklonal Antikierper vun engem anere Laboratoire getest ginn, de Kontrakt mat der Firma soll deemnächst ënnerschriwwe ginn.
Hei geet et bei den RTL-Podcast "Wellebriecher", déi Kéier mam Dr Jean Reuter als Invité!