
No der Generalversammlung vum OAI ass gewosst, datt den aktuelle President an Architekt Jos Dell op sengem Poste bleift, do kritt hie vum Ingenieur Marc Feider assistéiert.
Prioritär geet et an Zukunft ëm d'Effikassitéit vum Bauwiesen, dat heescht, dem besseren Zesummeschaffe vun Architekten an Ingenieuren, a Kuerzform: dem MOAI.
Op engem entspriechenden Internetsite kënne sech concernéiert Leit, déi baue wëllen, mee och Gemengen a Baufirmaen iwwert d'Plangen an déi nei Konstruktiounen informéieren. De MOAI soll also eng Plattform sinn, déi de Planer an de Bauhären eng Méiglechkeet gëtt, fir mateneen an Kommunikatioun ze trieden.
Den Appel à candidature fir de Bauhäre-Präis gëtt iwwerdeems am Januar d'nächst Joer vum OAI lancéiert.