Si wier entsat, wéi dem Bierger dobausse géing mat enger ganzer "Aiden Werbepolitik" verkaf ginn, dass ee géing gehollef kréien, ma d'Realitéit wier, dass d'Independanten an d'Entreprisen net ganz vill matkréie vun deenen angeblechen Hëllefen, sou schreift et d'Presidentin.
An engem dach ganz emotionale Bréif beschreift d'Alexa Ballmann d'Existenzängscht vun den Independanten. "Hannert all Entreprise stécht e Mënsch." D'Independanten hätte sech vun Ufank u solidaresch gewisen an zougemaach. Ma bis haut hätt ee weder als Independant e Recht op Chômage partiel, nach op een Ersatz-Salaire. Et misst ee sech just ëffentlech deplacéiert Remarke vun engem Aarbechtsminister ulauschteren, déi demonstréiere géingen, wéi een an dëser Kris am Stach gelooss gëtt. Nom éischte Bréif an engem verzweiwelten Appell un d'Politik hätt sech näischt geännert.
De Schluss schwätzt dann och fir sech. "Trau dech hu se gesot. Et kascht dech däi Liewenswierk, hu se NET gesot."
LINK: Hei geet et op de Site vum Jonken Handwierk.
Et wier ganz wichteg, datt d'Regierung den Independanten nei Moossname proposéiert, schreift d'Chambre des Métiers an hirem Avis zum Gesetzprojet iwwer déi annoncéiert Aide unique.
Et wier och onbedéngt wichteg, datt dës Hëllef fir all Fräiberuffler am Handwierk zougänglech wier, onofhängeg dovunner ob dëse vun enger Dispens beim Centre Commun de Sécurité Sociale profitéiert.
Dat wier am Fréijoer e Problem gewiescht.
D'Chambre des métiers freet dann d'Regierung, fir e Gesetz op de Wee ze bréngen, dat fir Independanten e Revenu de remplacement virgesäit am Fall vun enger sanitärer oder ekonomescher Kris.