Oste vum LandMesurë géint d’Plo vun Nilgänsen

Roy Grotz
Nieft dem Dreck, dee si hannerloossen, verdreiwen d'Nilgänsen awer och Storchen oder aner heemesch Vullen-, Inten- a Gänsenzorten.

D'Nilgänsen, déi heefeg laanscht Waasserleef wéi d'Uelzecht oder d'Musel z'observéiere sinn, gesinn zwar léif aus, mä gehéieren zu den Zorte vun net-heemeschen Déieren, déi d'lescht Joren iwwer zur Plo goufen.

Mesurë géint d’Plo vu Nilgänsen - Reportage Roy Grotz

An Uertschaften am Oste vum Land kënne Gemengeresponsabel e Lidd dovunner sangen - den Ëmweltministère wëll agéieren, an zwar duerch den Nationalen Aktiounsplang fir d'Gestioun vun invasiven exoteschen Déierenzorten, déi sech am Land usidelen an hei bréien.

D'Nilgänsen-Familljen, vun där et bis zu 40 Koppele ginn, gehéieren zu dësen Zorten, déi absënns a Parken oder och op Futtballfelder a Wise laanscht Séien, Weieren a Flëss unzetreffe sinn.

Nieft dem Dreck, dee si hannerloossen, verdreiwen d'Nilgänsen awer och Storchen oder aner heemesch Vullen-, Inten- a Gänsenzorten. Et kann och zu Schied a Felder kommen, an och laanscht d'Fluchhäfe sollten d'Nilgänsen am beschte verhënnert ginn, well Kollisioune mat Fligeren net z'evitéiere sinn.

All dës Informatioune liwwert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierte Gusty Graas, deen och freet, wat dann effikass ka géint d'Nilgänsen ënnerholl ginn, déi net dierfe geschoss ginn.

Nieft dem Sensibiliséiere vun de Leit, fir d'Nilgänsen net ze fiddere setzen d'Responsabel am Ministère op d'Sterilisatioun vun den Eeër - dat soll geschéien andeems d'Eeër an de Näschter duerch Perforéieren oder Rësele futti gemaach, mä do leie gelooss ginn, sou datt d'Gänse weider bréien, woubäi d'Näschter awer schwéier ze lokaliséiere sinn.

Dës opwänneg Aarbecht sollen d'Beamte vun der Naturverwaltung iwwerhuelen - mä dëst huet säi Präis a Form vun Zäit, nämlech 18 Deeg pro Beamte fir eng definéiert Zone, wou d'Näschter fonnt ginn - haaptsächlech laanscht d'Musel also.

D'Juegd op Nilgänse wier nëmmen effektiv, wa bis zu en Drëttel vun dësen Déiere kéint d'Joer geschoss ginn - wëll d'Gänsen dacks awer a Parken oder a protegéierten Natur-Reserve sinn, soll och an Zukunft d'Schéissen net erlaabt ginn.

D'Ministesch seet awer och, datt an ausgewielten Zonen, duerchaus kéinte selektiv Déiere vu forméierte Beamte geschoss an dout gemaach ginn. D'allgemeng Juegd soll awer net zougelooss ginn.

D'global Käschte vum Gestiounsplang fir invasiv exotesch Déierenzorte chiffréiere sech iwwerdeem op ronn eng hallef Millioun Euro, dozou gehéieren d'Regulatioun vun den Zorten an natierlech d'Iwwerwaache vun der Situatioun, fir datt all Plo vun sou Déiere ka fréizäiteg ënnerbonne ginn.

Nilgänsen um Iechternacher Séi
Nilgänsen um Iechternacher Séi
© Raoul Michels / RTL

Hei déi entspriechent parlamentaresch Fro als PDF!

Back to Top
CIM LOGO