
No enger kuerzer Poursuite konnt d'Police d'Gefier um Belair stoppen. Do haten d'Beamte schonn d'Informatioun, dass de Won zu Stengefort op enger Bensinsstatioun geklaut gi war. Bei der spéiderer Kontroll koum net just eraus, dass et sech ëm déi als geklaut gemellte Camionnette gehandelt huet, de Mann hannert dem Steier hat donieft gedronk an hat kee valabele Fürerschäi bei sech. Och e puer Fuerverbueter hat hie scho kritt a krut nach ee weideren dobäi.
Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter. D'Gefier koum bei de Proprietär zeréck.
En Donneschdeg am spéide Moie krut d'Police e geklaute Scooter zu Rolleng bei Miersch gemellt. D'Gefier konnt no enger Sichaktioun lokaliséiert ginn. De Brigang huet probéiert ze flüchten, krut dobäi awer ee Stroosseschëld ze paken. Den Alkohol- an Drogentest war positiv. De Parquet gouf informéiert an de Verdächtegen op Uerder hi festgeholl. De Mann koum virun den Untersuchungsriichter.