Diddelenger AutobunnMassekarambolage op der A3 a Richtung Metz

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Mëtteg géint 15.30 Auer koum et op der Diddelenger Autobunn a Richtung franséisch Grenz zu engem Accident tëscht 4 Gefierer.

2 Persoune goufe bei der Kollisioun verwonnt. Am Asaz waren 2 Ambulanzen aus der Stad an d'Stater an d'Hesper Pompjeeën.

E puer Stonne méi fréi hat et e Méindeg zu Gaasperech an der Rue de Gasperich geknuppt. Hei sinn 2 Autoen net laanschtenee komm. 2 Blesséierter ass de Bilan, op der Plaz waren d'Pompjeeën an 2 Ambulanzen aus der Stad.

Och um Sennengerbierg hunn d'Pompjeeë missen agräifen, do hat eng Fassad ugefaange mat brennen. Et gouf kee blesséiert. Sur place waren d'Pompjeeë vu Jonglënster, Nidderaanwen, Sandweiler an aus der Stad.

Kuerz no Mëtternuecht ass zu Altréier a Richtung Bech en Automobilist duerch säi Fuerstil opgefall. Den erlaabten Héchstwäert war duebel esou héich wéi d'Gesetz et erlaabt. D'Fuererin krut hire Führerschäin doropshin ofgeholl. Well d'Fra scho lescht Joer e Fuerverbuet krut, gouf den Auto op Uerder vum Parquet saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO