Trotz dem Reen vun de leschten Deeg bleift de Buedem zu Lëtzebuerg staark ausgedréchent. Fir datt sech d'Gewässer an d'Grondwaasser nohalteg erhuelen, misst et iwwer eng méi laang Zäit reegelméisseg reenen. Dat sot den Direkter vun der Waasserverwaltung. De Marc Hans war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Och beim Héichwaasserschutz wier eng gutt Virbereedung wichteg: En honnertprozentegen Schutz kéint et net ginn.
Op der Waasserverwaltung wier ee frou iwwer de Reen, soulaang net ze vill op ee Coup erofkéim, sou de Marc Hans. Déi rezent Nidderschléi géifen awer nach net duergoen, fir den Defizit no de waarmen an dréchene Méint auszegläichen. Besonnesch den Abrëll, de Juni an de September wieren extrem dréche gewiescht. Entscheedend wier elo, dass et iwwer eng méi laang Perioden reegelméisseg reent. De Buedem misst fir d'éischt duerchnässt ginn, éier d'Waasser lues a lues bis an d'Grondwaasser sickere kéint.
"An dat mécht eis am Moment e bësse Suergen, well de Buedem ass nach ëmmer immens dréchen a mir brauche schonn zirka zwee Méint, bis mer do eng gutt Duerchnässung hunn an dass d'Waasser dann am Grondwaasser ukënnt."
An de Baachen a Flëss géif nach ëmmer Waasser feelen. Besonnesch am Éislek wieren d'Peegelen zum Deel däitlech ënner den Duerchschnëttswäerter. De Verbuet, Waasser aus de Gewässer ze huelen, deen am Summer ausgeschwat gi war, wier dofir nach net opgehuewe ginn. Bei enger Kartéierung iwwer déi ausgedréchent Baachen a Flëss uechter d'Land hätt d'Waasserverwaltung och festgestallt, datt eng ganz Rei Gewässer komplett ausgedréchent waren. Betraff wieren haaptsächlech kleng Baachen am Éislek. Dës Kartéierung soll et erlaben, d'Ausmooss vun der Dréchent ze dokumentéieren an d'Situatioun mat anere Joren ze vergläichen.
D'Grondwaasser war dem Marc Hans no virum Summer gutt opgefëllt. Déi lescht zwee bis dräi Wantere hätten dofir gesuergt, datt d'Quelle gutt geschott hunn. Och de Stauséi wier gutt gefëllt gewiescht. Ongeféier d'Hallschent vum Lëtzebuerger Drénkwaasser kënnt aus dem Grondwaasser, déi aner Hallschent aus dem Stauséi. Dat heescht, d'Reserven war do. D'Erausfuerderung wier dëse Summer éischter gewiescht, fir genuch Waasser bei héijem Verbrauch ze liwweren. Lokal wieren d'Infrastrukturen un hir Kapazitéitsgrenze komm. Verschidde Gemengen hätten dofir d'Phas Orange ausgeruff a mat Reglementer de Waasserverbrauch ageschränkt, fir Liwwerproblemer ze verhënneren.
Sollt den nächste Summer änlech ausfalen, kéint d'Situatioun méi kritesch ginn, warnt de Marc Hans, well d'Quellen dann eventuell manner Waasser géife liwweren. Verschidde Gemengen a lokal Waassersyndikater wieren dovu besonnesch ofhängeg.
Fir d'Drénkwaasserversuergung laangfristeg ofzesécheren, setzt d'Waasserverwaltung op eng Strategie mat dräi Voleten. Fir d'éischt missten déi bestoend Quellen am Buedem geschützt ginn, fir proppert Grondwaasser kënnen ze notzen.
Zweetens misst méi spuersam mam Waasser ëmgaange ginn. Dat betrëfft souwuel technesch Mesurë wéi och d'Verhale vun de Bierger. Donieft misst ee kucken, fir Drénkwaasser op verschiddene Plazen duerch Reewaasser z'ersetzen.
Den drëtte Volet ass d'Erschléisse vun neie Ressourcen. An deem Kontext gëtt ënner anerem eng Opbereedung vu Muselwaasser envisagéiert.
D'Notzung vu Muselwaasser wier ee Puzzle-Stéck, fir d'Versuergung méi widderstandsfäeg opzestellen, sou de Marc Hans. Nieft dem Stauséi an dem Grondwaasser kéint et eng drëtt Ressource ginn, déi déi aner ergänzt. D'Nopeschlänner géife weisen, datt d'Opbereedung vu Flosswaasser méiglech wier, zum Beispill beim Rhäin.
Och Waasserréckhaltebecken, ënner anerem fir d'Landwirtschaft, géifen ënnerstëtzt ginn. All Projet misst awer genee ënnersicht ginn. Well Lëtzebuerg vill kleng Gewässer hätt, misst gekläert ginn, wou d'Waasser hierkënnt a wou et duerch d’Entnam eventuell duerno u Waasser feelt. E Becken, dat net kéint gefëllt ginn, géif näischt bréngen.
Zanter den Iwwerschwemmunge vun 2021 hätt sech beim Héichwaasserschutz villes verbessert. De Marc Hans huet ënner anerem op déi verbessert Kommunikatioun an den neien Internetsite fir Héichwaasser-Informatiounen higewisen, op deem d'Peegele méi iwwersiichtlech duergestallt géifen.
Och d'Héichwaasserkaarte wiere weider ausgeschafft ginn. Nieft den Zenarie vun engem zéngjäregen, honnertjäregen oder extremen Héichwaasser géifen et elo och Kaarte fir 5-, 20- a 50-järeg Héichwaasser ginn. Bierger kéinten doduerch besser aschätzen, wéi wäit d'Waasser bei engem bestëmmt Peegel an hirer Gemeng kéint kommen.
Vill Gemengen hätten Etüde maache gelooss, fir lokal Schutzméiglechkeeten ze ermëttelen. Och d'Bierger géifen méi dacks individuell Schutzmesuren, fir hir Haiser ëmsetzen. Dofir kéint et och staatlech finanziell Ënnerstëtzung ginn.
De Marc Hans huet d'Bierger opgeruff, sech d'Iwwerschwemmungskaarten um Geoportail unzekucken. Dobäi sollt een och d'Kaart fir Staarkree-Gefor consultéieren. Duerch staarke Ree kéinten nämlech och Plazen iwwerschwemmt ginn, wou guer kee Gewässer an der Géigend ass.
Mam Klimawandel kéint een den Héichwaasserrisiko och net méi eleng un enger bestëmmter Joreszäit festmaachen. D'Iwwerschwemmunge vun 2021 wiere schliisslech am Juli gewiescht. Trotz allen Efforte kéint een net all Risiko ausschléissen, huet den Direkter vun der Waasserverwaltung betount: "mir kënne keng honnertprozentegen Schutz, dat gëtt et net. Mir kënnen eis beschtméiglech virbereeden." De Staat géif de Kader setzen, d'Gemenge missten un de Mesurë matschaffen an och d'Bierger wieren an der Verantwortung, sech esou gutt wéi méiglech ze schützen.
Wien an enger Risiko-Zon lieft, sollt sech bei senger Gemeng informéieren a sech iwwer gëeegent Schutzmesurë berode loossen. Méiglech wieren zum Beispill Sandsäck oder Barrièrë virun den Dieren. Wann ee verhënnere kéint, datt d'Waasser an d'Haus erakënnt, wier scho vill erreecht.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.