
Géigestänn am Wäert vu ronn 300 Euro hat de Mann wollte klauen, ma d'Sécherheetspersonal vum Buttek an der Rue des Scillas konnt hie festsetzen. D'Police gouf geruff an d'Ermëttlungen hunn erginn, datt de Mann scho méi dacks an de leschte Woche Saache geklaut hat. De Parquet huet de Mann verhafte gelooss an hie koum op Schraasseg an e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
E weidere Mann konnt verhaft ginn, datt an der Grand-Rue. Den Täter war fortgelaf an ass laanscht eng Police-Patrull a Richtung Rue Notre-Dame gelaf. E Sécherheetsbeamten, deen hannert dem Onéierlechen hier war, huet d'Situatioun séier de Beamten erkläert. Direkt hu sech d'Beamten zu Fouss op d'Poursuite vum Mann gemaach. En Automobilist, deen d'Situatioun richteg erkannt hat, konnt dunn den Täter stoppen an zesumme mat engem anere Passant blockéieren, bis d'Beamten op der Plaz waren an den Täter verhafte konnten. De Kompliz vum Täter, deem de Sécherheetsbeamten net nolafe konnt, well si sech getrennt haten, konnt net ermëttelt ginn.
Um Policebüro goufen d'Donnéeë vum Mann opgeholl an et gouf eng Plainte géint hien a säin onbekannte Kompliz gemaach. Well si awer am Geschäft näischt klaue konnten, well d'Sécherheetspersonal si séier am Viséier hat, konnt de Mann nach um selwechten Owend de Policebüro verloossen. Weider schreift d'Police, datt een den zwee couragéierte Matbierger Merci fir hiert Agräife seet.
A puncto Corona-Mesurë schreift d'Police, datt dann och dës Nuecht déi meeschte Leit sech un d'Virgabe gehalen hunn. An engem Café an der Stad souzen awer nach no Mëtternuecht zou Persounen an hunn eppes gedronk, wéi d'Beamten kommen. Am Raum huet et staark no Cannabis geroch an d'Männer haten eng "Joint-änlech" Zigarette am Äschebecher leien. De Beamte géigeniwwer hu si zouginn, déi gefëmmt ze hunn. Wéinst den zwee verstéiss goufen d'Männer protokolléiert an e Bericht gouf geschriwwen.