
D’Zomm, déi vu Lëtzebuerger Fonge verwalt gëtt ass par konter liicht geklommen an erreecht elo ronn 4.600 Milliarden Euro. Dat huet d’CSSF, d’Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz um Dënschdeg matgedeelt.
Op 10 Joer gekuckt ass dat méi ewéi dat Duebelt. 2010 goufe ronn 2.000 Milliarden Euro vu Lëtzebuerger Fonge geréiert. D’Zuel vu Fongen, déi ass dogéint awer kaum an d’Luucht gaangen: haut ginn et der 3.664. Am Joer 2010 waren et der 3.550.