
Déi regional Police huet souwuel an der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg, wéi och vun e Freideg op e Samschdeg Vitesskontrollen am Tunnel Gousselerbierg op der A7 gemaach. Dëst ass iwwregens eng Streck, déi reegelméisseg vun der Police kontrolléiert gëtt, well sech hei vill Automobilisten net un d'Vitess halen, obwuel u sech jo misst generell gewosst sinn, dass een an engem Tunnel maximal 90 km/h fueren dierf.
Och bei de Kontrolle vum Weekend waren nees vill Automobilisten ze séier, a 4 Fäll war d'Maximalvitess vun 90 km/h esou därmoossen iwwerschratt ginn, dass vun de betraffene Persounen direkt de Permis agezu gouf. D'Persoune mussen als Konsequenz och mat enger Plainte rechnen.
Et hunn awer och provisoresch Fuerverbueter vun der Police musse verdeelt ginn, dorënner un e Mann, deen et wuel drop ukomme gelooss huet, an net dofir belount gouf. De selwechten Dag, awer méi spéit an der Nuecht, ass de Mann zu sengem Ongléck nämlech nees an eng Verkéierskontroll geroden, obwuel e schonn net méi hätt dierfte fueren. Déi Kéier war een dohier och e wéineg méi streng an den Automobilist krut op Uerder vum Parquet den Auto ofgeholl an et gouf nees eng Plainte géint den Automobilist gemaach.