No KläppereiMann muss an de Prisong, well hie seng Geldstrof net bezuele konnt

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg gouf der Police eng Kläpperei tëscht zwee Männer an der Rue des Bains an der Stad gemellt.

Béid Männer ware staark alkoholiséiert a goufen am Gesiicht blesséiert. Wéi d'Beamten déi zwee Männer kontrolléiert hunn, hu si misse feststellen, dass ee vu béiden eng Geldstrof net bezuelt hat.

Nodeems hie beim Dokter war, sollt hien an d'Ausniichterungszell kommen. No senger Entloossung war et dem Mann net méiglech, seng Geldstrof ze bezuelen, esou dass d'Prisongsstrof a Kraaft getrueden ass.

De Schëllege gouf dowéinst op Schraasseg bruecht.

Back to Top
CIM LOGO