
No enger klenger Party op enger Privatadress, koum et zum Sträit tëscht dem Mann a senger Partnerin, déi, wéi d'Police schreift, net do wunnt. De Sträit wier ausgeaart an de Mann hätt d'Fra geschloen a gewiergt. D'Affer wier blesséiert an d'Spidol gefouert ginn. Do goufen däitlech Verletzungen um Hals an um Kapp festgestallt.
Op Uerder vum Parquet gouf de Mann, deen ze vill gedronk hat, festgeholl. Hie koum nach e Sonndeg am Nomëtteg virun der Untersuchungsriichter a koum ënner Oploen nees fräi.