AarbechtsaccidentMann fält 6 Meter an d'Déift a gëtt liewensgeféierlech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie koum et géint 10.30 Auer op engem Chantier an der Lonkecher Strooss zu Péiteng zu engem uergen Aarbechtsaccident.
Mann fält 6 Meter an d'Déift a gëtt uerg blesséiert
E Samschdeg de Moie koum et géint 10.30 Auer op engem Chantier an der Lonkecher Strooss zu Péiteng zu engem liewensgeféierlechen Aarbechtsaccident.

Bei Aarbechten op engem Réibau ass e Mann knapp 6 Meter an d'Déift gefall. Hie gouf liewensgeféierlech blesséiert. De Mann gouf op der Plaz vum Noutdokter behandelt a gouf duerno an d'Klinick transportéiert.

D'ITM gouf informéiert an e Beamte war op der Plaz, fir sech e Bild vum Accident ze maachen.

© Domingos Oliveira / RTL

Back to Top
CIM LOGO