
Den Tribunal administratif erkennt de Recours vum Mann als fondéiert un. En hält fest, dass, amplaz vum Refus vun August 2018, keng Geneemegung néideg war, fir d'Mise en Place vun Ënnerdiech fir Holz, déi et schonn um Terrain vum Mann ginn. Deen huet och eng Indemnité de procédure vu 600 € zegutt, an de Staat muss fir d'Fraisen opkommen. Dat steet an engem Urteel vum Verwaltungsgeriicht an enger Affär vun Naturschutz.
Am Mee 2017 hat e Mann beim Nohaltegkeetsministère eng Demande eraginn, fir am Nachhinein eng Autorisatioun ze kréien, fir ënner anerem een Ënnerdaach fir Brennholz op sengem Terrain. Dee läit an enger Gréngzon.
D'Ëmweltministesch hat zwee Méint drop Nee gesot zu där Demande. De Mann hat am Oktober 2017 ee Recours gracieux géint déi Decisioun agereecht an doran du vun e puer Ënnerdiech geschwat. D'Carole Dieschbourg war am August 2018 bei hirer Decisioun bliwwen. Am Oktober virzejoert war de Mann dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.
Deem seng 1. Riichter ënnersträichen an hirem Urteel, dass d'Ënnerdiech fir Holz an enger Gréngzon stinn. Constructiounen do missten e gewëssene Lien mat zum Beispill der Forstwirtschaft hunn. Et wären also just Bauten am direkten Zesummenhank mam genotzte Bësch z'autoriséieren.
D'Ënnerdiech wäre wuel een, Zitat, „assemblage de matériaux reliés ensemble artificiellement“, mä dee Bau hätt keen dauerhafte Charakter. D'Ënnerdiech géifen nämlech aus hëlzene Pottoe bestoen, déi net duerch Bëtong gestäerkt wären. Dat Ganzt wär keng Constructioun, well den Assemblage zu all Moment kéint demontéiert ginn.
Op Grond vun de benotzte Materialien a vun der Aart a Weis vun hirem Zesummebau kéint net vun engem zolitten Assemblage Rieds sinn, dee bestëmmt wär fir ze halen. Deemno wär et falsch gewiescht, dass d'Ministesch am Nachhinein refuséiert hat, fir der Demande vum Mann nozekommen.
D'Decisioun vum Carole Dieschbourg wär an deem Sënn ze reforméieren, dass keng Geneemegung néideg war fir d'Mise en Place vun Ënnerdiech fir Holz, déi et scho gëtt. De Mann hat eng Indemnité de procédure vun 3.000 € gefrot, well hien op en Affekot hätt missen zréckgräifen, hätt hien eng vu 600 € zegutt.