
D'Generaldirektioun der kaiserlichen Eisenbahnen Elsass/Lothringen huet den Ausbau deemools an Optrag ginn.
Am Abrëll dëst Joer huet den Ettelbrécker Buergermeeschter d'Autorisatioun, fir d'Gare ofzerappen, ënnerschriwwen. Am Hierscht sollen d'Baggere rullen.
Mat sengen Hasteng fält d'Garesgebäi direkt an d'A. Et huet sou munche Stuerm iwwerlieft, elo schéngen seng Deeg allerdéngs gezielt. De Buffet vun der Gare steet mëttlerweil eidel. D'Bäckerei um aneren Eck géif seng Dieren um Enn vum Mount definitiv zoumaachen.
Fir den Trafic besser duerch d'Nordstad ze kréien, muss op dëser Plaz en Tunnel gebaut ginn. Aus deem Grond muss d'Gebai réckelen.
D'Zäit leeft fort. D'Manifestatioun e Samschdeg de Moie soll déi politesch Responsabel nach eemol rëselen a si opfuerderen, nach eemol iwwer hir Decisioun nozedenken.