20 Joer ADRenalinMammepartei denkt un d'Zukunft vun de Jonken

RTL Lëtzebuerg
D'ADR wier déi eenzeg Partei, déi eng laangfristeg Politik géif maachen an net nëmmen un deen nächste Rendez-Vous fir d'Wale géif denken.
© RTL Archivbild

Dat sot de Michel Lemaire, President vun ADRenalin, e Freideg op der 20-Joer-Feier vun der Jugendpartei. D'Mammepartei géif un d'Zukunft vun deene Jonken denken. De Michel Lemaire huet awer och vun der Geleeënheet profitéiert, fir all deene Jonken, déi sech politesch engagéiere Merci ze soen.

"An ech sinn iwwerzeegt, dass all Jonken, dee politesch aktiv ass, egal bei wéi enger Partei, Respekt a Wäertschätzung verdéngt huet. Wëll et ass an der Politik jo wierklech net ëmmer einfach. Et ass een egal wéi, egal a wéi enger Partei een ass, enger staarker Kritik ausgesat. Dat war och fir mech am Ufank nei, dass een op eng Aart a Weis kritiséiert gëtt, déi ee virdrun net kannt hat, wat och eng Belaaschtung ka sinn."

A sengen Ae wieren déi Jonk haut un der Politik interesséiert, esou de Michel Lemaire, an et wier gutt, wa si sech engagéieren a mat konkreten Iddie géife kommen, amplaz just ze kritiséieren.

Back to Top
CIM LOGO