Accident zu SchullerMam Auto iwwerschloen an op der Kopp leie bliwwen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend koum et géint 22.30 Auer zu Schuller zu engem uergen Accident, 1 Persoun gouf dobäi blesséiert.
© Facebook / CIS Dippach

Am Asaz war d'Ambulanz Suessem/Déifferdeng, de Samu aus der Stad an d'Pompjeeë vun Dippech a Käerjeng.

E puer Stonne méi fréi gouf zu Bous e Verkéiersaccident gemellt. De Bilan ass hei 1 Blesséierten.

Zu Esch/Uelzecht ass géint 20.15 Auer e Motocyclist mat sengem Gefier gestierzt a gouf verwonnt. Op der Plaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeë vun Esch.

Geknuppt hat et e Samschdeg den Owend och zu Hollerech, 2 Autoe krute sech hei ze paken. Blesséiert goufe bei dëser Kollisioun 2 Mënschen. D'Ambulanz an d'Pompjeeën aus der Stad ware sur place.

Op der Héicht Steebrécken/Féiz krute sech e Sonndeg de Moie op der Escher Autobunn 2 Autoen ze paken. Wéi de CGDIS mellt, gëtt et 1 Blesséierten. Am Asaz waren d'Pompjeeë vun Monnerech a Leideleng an d'Escher Ambulanz.

Back to Top
CIM LOGO