
Dat freet d'CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen an enger parlamentarescher Fro d'LSAP-Ministeren Taina Bofferding an Etienne Schneider, déi nëmmen evasiv äntweren an net weider op dës Fro aginn.
Wéi et an der Äntwert heescht, wieren op Grond vun Analyse vum Einsatzleitsystem, deen et zanter 3 Joer elo gëtt, méi präzis Donnéeën iwwert d'Regulatioun vum Samu disponibel.
Doropshi wier am Fréijoer d'Decisioun geholl ginn, am CGDIS-Asazzenter zu Hesper e véierte Samu ze stationéieren.
Zanterhier wier et bei primären Interventiounen um 112 fir ze decidéieren, ob d'Doktere mam Auto oder dem Helikopter op d'Plaz vun der Interventioun bruecht ginn. Am Fall vun dem "transfert secondaire" wier et den Dokter, deen de Choix hätt, dat natierlech en fonction vum Zoustand an der Pathologie vum Patient.
Ob et Refuse vun den Samu-Doktere ginn, fir den Helikopter ze huelen, gëtt een an der Äntwert net gewuer. Eng Äntwert, déi domat reng faktuell bleift.