Jean-Claude JunckerLëtzebuerger si Schold um Misär vun anere Lëtzebuerger

RTL Lëtzebuerg
Et sinn eben d'Lëtzebuerger, déi hir Landsleit ausbeuten a keng Friem Muecht aus anere Länner, esou den Ex-Premier iwwert de Wunnengsmaart.
© AFP

Lëtzebuerger si Schold um Misär vun anere Lëtzebuerger, net d'Russen, d'Chinesen oder soss eng friem Muecht, mä d'Lëtzebuerger selwer beute Lëtzebuerger aus. Dës Aussoen, déi de Jean-Claude Juncker scho viru Joren am Bezuch op de Wunnengsmaart gemaach huet, widderhëlt den Ex-Premier an engem Interview mam Tageblatt. Et wier gutt, wann déi aktuell Regierung dës Aschätzung deele géif. Dat géif se awer net maachen, duerfir misst ee sech d'Fro stellen wisou, mengt den CSV-Politiker.

A puncto Coronagestioun dogéint hätt d'Regierung keng graff Feeler gemaach. Et wuel zu engem gewëssenen Zäitpunkt ze vill Pressekonferenzen an d'Leit hätten net méi gewosst wou se dru sinn mä méi net.

Back to Top
CIM LOGO