
Den 22. August war de russeschen Oppositiounsleader Alexey Nawalny a Russland op engem Fluch mat engem chemeschen Nervegëft vergëft ginn. Aktuell läit de liberale Politiker jo an der Berliner Charité. Nieft der däitscher, fuerdert och déi Lëtzebuerger Aussepolitik Erklärunge vu Russland.

Et géif keng Ursaach existéieren, d'Confirmatioun aus Däitschland, datt de Nawalny mat Nervegëft vergëft gouf, unzezweiwelen. D'Gëft, dat am System fonnt gouf, wier nëmme schwéier ze fannen an eng chemesch Waff, déi typesch a Sowjetzäiten agesat gouf.
Jean Asselborn: „Déi Länner déi dat Gëft nach hätten, kënnen et just nach duerch hire Staatsapparat benotzen. Et sinn also ganz schlëmm Virgäng, déi ee muss condamnéieren. A mir maachen dat och als Lëtzebuerger Regierung.“
Fir méiglech Sanktioune géint Russland wier et awer nach ze fréi. An enger nächster Etapp gëtt Bréissel an d'EU-Ausseministere vun Däitschland iwwert déi lescht Analysen opgekläert. De Lëtzebuerger Chefdiplomat hofft datt Moskau elo kooperéiert.
Jean Asselborn: „Eng Vergëftung ass dat nämmlecht ewéi en Attentat. An, datt e Staat ewéi Russland sech kéint weigeren dat ganzt opzeklären, kann ech mer net virstellen.“

Sollt sech effektiv confirméieren, datt déi russesch Regierung responsabel wier, da géif et net méi duergoen, einfach nëmmen e puer Diplomaten auszeweisen. Fir d'éischt awer setzt een op Diskussioune mam Putin.
Russland huet sech iwwerdeems scho fir eng komplett Zesummenaarbecht ausgeschwat, heescht et vum Kreml. Et hätt een déi Däitsch Test-Resultater a Beweiser fir eng Diagnos ugefrot.
De russesche President Putin hält sech am Sujet Nawalny weider bedeckt. Och an enger aktueller Froestonn op der russescher Tëlee, huet hien de Sujet vun der Vergëftung mat kengem Wuert erwäänt.
Nawalny gouf ouni Zweiwel vergëft, Russland wëll kooperéieren