OECD-StatistikenLëtzebuerg net de beschte Klimaschüler

RTL Lëtzebuerg
D’OECD hält an engem Rapport eng Rei Ëmweltfacteure fest, wou Lëtzebuerg sech nach verbessere kann.
© AFP (Archiv)

Bis den 31. Dezember muss d’Regierung den nationalen Energie- a Klimaplang un d’EU-Kommissioun zu Bréissel erareechen. Doranner soll festgehale ginn, wéi de Grand-Duché seng ambitiéis Klimaziler, nämlech d’CO2-Emissioune bis 2030 ëm 50 bis 55% ze reduzéieren, erreeche wëll. Bis ewell schéngt deen awer nach net prett. Denkustéiss ginn et der awer genuch.

OECD-Statistiken: vereenzelt schlecht Notten a puncto Ëmwelt a Klima

Et ass kee Geheimnis, dass déi niddreg Accisen um Bensin an Diesel vill Tanktouristen ulackelen an – positiven Nieweneffekt - hëllefen d’Staatskeese fëllen. De Revers vun der Medail: 2017 huet den Transport 55% vun eisen Zäregas-Emissiounen ausgemaach. Esouvill wéi a kengem anere vun den 32 Länner, déi bei der Etüd analyséiert goufen.

Wat Zäregas-Emissiounen op de Kapp ugeet, leie mer den Zuelen aus dem Joer 2017 no mat 14,88 Tonnen CO2 op 4. Plaz. Méi verbrauche just nach de Kanada (19,49), d’USA (19,74) an Australien (22,54). D’OECD-Moyenne iwwerdeems läit bei 8,9t CO2.

Knascht maache mer es am OECD-Verglach nawell och genuch:  Am Joer 2016 waren et ëmmerhin 17.288 Kilo Offall op de Kapp.  Just Estland (18.188) a Finnland (22.100) produzéiere méi Dreck. Eng méiglech Erklärung fir dës schlecht Placéierung kéint déi sinn, datt sech den Dag iwwer 200.000 méi Leit am Land ophalen wéi der hei wunnen.

Wat de Verbrauch vu Matière Premièren ugeet, ass Lëtzebuerg de grousse Champion. 101,67 Tonne pro Persoun, bal 4 Mol méi wéi d’OECD-Moyenne 25,25 Tonnen.

Eng weider Statistik wou mer et op déi 3. Träppche packen, ass de Prozentsaz vu verbautem Land. 8,29% vun der Fläch vum Grand-Duché si mat Gebailechkeete besat. Just d’Belsch (15.37%) an Holland (16.96) si méi verbaut. D’OECD-Moyenne läit bei 1.2%.

An och bei der Loftverschmotzung duerch Stéckoxid-Emissioune leie mer mat 30,94 Kilo op de Kapp bal 9 Kilo iwwer dem Duerchschnëttswäert an der OECD (21,74).

Back to Top
CIM LOGO