
Lëtzebuerg gëtt pro Joer ronn 25.000 Dollar pro Schüler aus. Dat vun der Grondschoul bis op d'Uni. Lëtzebuerg läit domadder op der éischter Plaz vun der Etüd. An enger parlamentarescher Fro wëllen d'CSV-Deputéiert Martine Hansen a Jean-Paul Schaf, ënnert anerem, vum Educatiounsminister wëssen, wéi sech déi duerchschnëttlech Käschte pro Schüler zënter 2013 entwéckelt hunn.
Déi lescht Chifferen, déi dem Educatiounsministère virleien, sinn déi aus dem Schouljoer 2017/2018. Et gëtt den Ënnerscheed tëschent de Käschten an der Grondschoul an deenen am Lycée gemaach.
D'Käschte variéiere vu Joer zu Joer, si mol méi a mol manner héich. Am Schouljoer 2013/2014 louche se fir d'Grondschoul bei 18.000 Dollar, déi zwee Schouljoren drop waren et all Kéiers ëm déi 21.000 Dollar, dunn ass de Montant erëm op 18.000 erofgaangen an am leschte Joer, wou de Ministère Chifferen huet, sinn et erëm bal 20.000 Dollar.
Am Lycée kascht e Schüler bësse méi. Do waren et 2017/2018 zum Beispill 23.000 Dollar, also e Plus vun 3.000 Dollar par Rapport zu engem Kand an der Grondschoul.
D'CSV-Deputéiert wëllen dann och wëssen, wéi sech d'Zuel vun de Schüler an Enseignanten zënter 2013 entwéckelt huet. Fir dëst Joer sinn 52.000 Kanner an der Grondschoul ageschriwwen, dat sinn der 6.000 méi, wéi viru 7 Joer. An de Lycéeë sinn 39.000 Jonker ageschriwwen, dat ass am Verglach mat 2013/2014 just e Plus vu ronn 2.000 Schüler.
D'Entwécklung da bei den Enseignanten: An der Grondschoul ginn et där aktuell 5.700. Dat sinn der eng 700 méi wéi 2013/2014. An der Lycéeë ginn et 5.000 Enseignanten. Dat ass e Plus vu 600.
D'Martine Hansen an de Jean-Paul Schaf froen och no enger Projektioun fir dat anert Schouljoer. Do präziséiert de Claude Meisch, datt am Fondamental, eng Kommissioun vun Experten e Fënnefjoresplang opstellt, wou d'Besoine vum Personal opgrond vu verschiddene Critèren ausgerechent ginn. Dat ass esou am Personalgesetz fir den Enseignement fondamental virgesinn. Am Lycée funktionéiert et änlech.
D'Posten, déi fir dat anert Schouljoer néideg sinn, ginn elo am Fréijoer ermëttelt, esou de Minister. Bis déi Zuele virleien, muss ee sech also nach e bësse gedëllegen.