
Gepréift gëtt vun der internationaler Ekipp, ob de Grand-Duché konform ass mat de Regele géint de Blanchiment an d’Finanzéierung vum Terrorismus, an ob déi néideg Mechanismen en place sinn a funktionéieren. Obwuel d’Missioun eréischt am Summer d’nächst Joer annoncéiert war, wier eng „Reconnaissance-Missioun” Enn leschter Woch hei am Land gewiescht, sou den Onlinemagazin Reporter. Paperjam schreift iwwerdeems, datt d’Visitt vum 26. Oktober bis den 11. November 2020 dauert.
Vill geschitt, mä net genuch?
Zanter Méint, wann net Joren, sinn d’Justiz- a Finanzministèrë ganz aktiv, fir d’Reegelen esou konform ze maache wéi méiglech, ouni awer dem Pilier vun der Lëtzebuerger Wirtschaft ze schueden. Trotzdeem ass nach net alles ëmgesat, wat international Decisiounen erfuerderen.
Europäesch an international Decisioune sinn awer nach net honnertprozenteg a Lëtzebuerger Gesetz ëmgesat. An obwuel ëmmer méi Verdachtsfäll gemellt an opgeschafft ginn, ginn och ëmmer nees Faillen am Lëtzebuerger System festgestallt.
Gro Lëscht, e "rise Problem"
Bei der leschter Evaluatioun duerch de Gafi am Joer 2010, war de Grand-Duché als "deels konform" deklaréiert ginn an op e puer spezifesche Punkten "net konform".
De fréiere Justizminister François Biltgen hat deemools virun der Evaluatioun vum Gafi gewarnt: wa Lëtzebuerg erëm op eng "gro Lëscht" kéim, "dann hätte mir e risege Problem". 2009 hat de G20 wärend der Kris Lëtzebuerg op eng gro Lëscht gesat, wat dem Image vum Land an der Ekonomie vill geschuet hat.