1,5 Milliarden EuroLëtzebuerg éischt Land mat nohaltegem Emprunt

Claudia Kollwelter
Mat engem Emprunt vun 1,5 Milliarden iwwer 12 Joer sollen zu Lëtzebuerg nohalteg Projete finanzéiert ginn.

Nohaltegen Emprunt / De Reportage vum Claudia Kollwelter

Dësen Emprunt durable ass e Méindeg um Marché gezu ginn, zu engem negativ Zënssaz. Domat ass Lëtzebuerg dat éischt Land mat esou engem nohaltegen Emprunt. En Dënschdeg de Moien ass doropshin déi zoustänneg Chamberkommissioun zesummegeruff ginn, wou de Finanzminister weider Detailer ginn huet. An den Ae vun der Oppositioun géif et hei just drëm goen, d'Staatskeesen ze sanéieren.

Et stellt sech eraus, datt zanter de leschten 10 Méint de Finanzminister iwwer 6 Milliarden Euro nei Scholden opgeholl huet an datt en den 1. September nach 250 Milliounen Euro an der Staatskeess sinn. Dat geet mol net méi duer, fir ee Mount laang d'Staatsbeamtegehälter ze bezuelen.

D'Kritik vum CSV-Deputéierten Gilles Roth léisst de President vun der Finanz- a Budgetskommissioun André Bauler net gëllen. Wéi de Budget 2020 presentéiert gi wier, wier schonn annoncéiert gewiescht, datt am Laf vum Joer en Emprunt durable géif gezu ginn, seet den DP-Deputéierten.Dat war virun der Corona-Kris. Den Emprunt huet näischt mat der Kris ze dinn, well e souwisou geplangt war a well d'Regierung sech als Zil gesat huet, Investissementer à caractère durable ze finanzéieren.

Den Emprunt leeft op 12 Joer mat engem negativ Zënssaz vun -0,12%. Dat géif weisen, datt den Interêt fir esou en Emprunt grouss ass bei den Investisseuren:Andeems, datt e grousst Vertrauen an de Lëtzebuerger Staat do ass, a seng Finanzkraaft an och gläichzäiteg e grousst Vertrauen vun de Mäert a d'Lëtzebuerger Ekonomie.

De Gilles Roth vun der CSV betount awer, datt den Emprunt vläicht keng Zënse kascht, mä awer iergendwann zréckbezuelt muss ginn. An der zoustänneger Chamberkommissioun wier d'Südspidol an den Tram als Projete genannt ginn. Dat géif awer géint elementar Budgetsreegele verstoussen:Notamment déi sougenannten "Universalitéit" vum Budget, dat heescht d'Sue komme bei de Staat eran an da kann een net am Virfeld soen: Déi si fir dat do oder dat do geduecht. Dat ass eng Manéier, fir eppes politesch ze verkafen, mä dat verstéisst géint d'Kontabilitéitsgesetz. An do huet de Minister e klenge Retour misse maachen.

De Finanzminister Pierre Gramegna wäert am Oktober, wann de Staatsbudget deposéiert gëtt, weider Präzisiounen zur Investitiounspolitik vun der Regierung an dann och méi spezifesch zu den nohaltegen Investitioune ginn, huet den André Bauler nach betount.
Back to Top
CIM LOGO