100 Joer ALSFLëtzebuerg brauch méi gutt ausgebilten Hiewanen

Monica Camposeo
Et ass ee vun den eelste Fraeberuffer: dee vun der Hiewan. Ma och déi Lëtzebuerger Hiewanen-Vereenegung gëtt et scho méi laang.
100 Joer Lëtzebuerger Hiewane-Vereenegung / Rep. Monica Camposeo (15.11.19)
D'Associatioun feiert dëst Joer hire Centenaire.

Dës Associatioun feiert dëst Joer hire Centenaire. Am Kader vum ronne Gebuertsdag wëllen d'Hiewane virun allem un hir wichteg Roll fir an der Gesellschaft erënneren. A vun der Politik ginn och Ännerunge gefuerdert.

Am Idealfall begleet d'Hiewan déi schwanger Fra scho virun der Gebuert, ass dobäi, wann d'Kand op d'Welt kënnt a suivéiert d'Famill och duerno. Dat wier awer dacks net méiglech. D'Hiewane bedaueren, dass si sech net méi Zäit huele kënnen. Dobäi hätt dat duerchaus Virdeeler: Duerch d'Presenz vun enger Hiewan kéinten natierlech Gebuerte gefërdert ginn, den Taux vun de Cesariennë géing erofgoen.

Nadine Barthel, Presidentin Lëtzebuerger Hiewane-Vereenegung:„Eis Gesellschaft ännert, et gëtt ëmmer alles méi séier. Eng Gebuert geet awer net ëmmer séier. Wichteg wier et dofir, de Fraen erëm eng Eent-zu-eent-Betreiung ze ginn. Wichteg wier och erëm méi Hiewanen um Terrain ze hunn. Genuch Hiewanen, déi gutt ausgebilt sinn an och eng gutt Aarbecht maachen."

D'Akademiséierung vum Beruff ass gewënscht

Un der Formatioun hapert et awer. Obwuel d'Ausbildung vun der Europäescher Unioun reglementéiert ass an den Inhalt dowéinst iwwerall d'nämmlecht muss sinn, géing et awer en Ënnerscheed maachen, ob een d'Formatioun zu Lëtzebuerg oder an engem vun eisen Nopeschlänner mécht.

100 Joer Lëtzebuerger Hiewane-Vereenegung Deel 2

Nicole Weber, Coordinatrice vun der Hiewane-Formatioun:„Qualitéitsméisseg ass et esou, dass et den europäeschen Direktiven entsprécht. Mä wat ännert, ass, dass déi Leit, déi hei fäerdeg ginn, net kënne weider studéiere goen. Dat heescht, si kënne kee Bachelor oder Master maachen, well dat mat engem BTS net méiglech ass."

Yolande Klein, Vizepresidentin Lëtzebuerger Hiewane-Vereenegung: „Eng Akademiséierung vum Beruff valoriséiert de Beruff ganz sécher. Vue dass een e Master oder en Doktorat och kéint duerno maachen, wier et och méi einfach, fir an d'Fuerschung ze goen, wat immens wichteg ass fir eise Beruff am Moment."

Am Kader vum Centenaire huet d'Hiewane-Vereenegung och eng Foto-Ausstellung op d'Bee gestallt an et gi Konferenzen zum Thema organiséiert. D'Associatioun wëll domadder iwwert de Beruffsstand opklären. Ma och un de Gesetzer misst sech eppes änneren. Eng schwanger Fra ka 6 Visitte bei enger Hiewan kréien. Fir 5 dovunner ass awer eng Ordonnance vun engem Gynekolog néideg. Ausserdeem muss eng Schwangerschaft vun engem Gynekolog suivéiert ginn, fir dass d'Fra, déi prenatal Primm ufroe kann. Dës Reglementer géingen et den Hiewane schwéier maachen, autonom ze schaffen, erkläert d'Nadine Barthel, d'Presidentin vun der Hiewane-Vereenegung:

Nadine Barthel:"Eng Zukunftsvisioun ass, dass d'Hiewan méi present ka si wärend der Schwangerschaft an och bei der Gebuert."

Hiewan - e Beruff, dee sech stänneg wandelt. Eng weider Verbesserung wënscht sech d'Hiewane-Vereenegung bei de fräiberufflechen Hiewanen. Mat enger besserer Bezuelung géinge méi Hiewane fräi schaffen an dovunner profitéieren och déi schwanger Fraen. Da wier et nämlech méi einfach, ausserhalb vun de gereegelte Visitten eng Hiewan ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO