VIDEO-Reportage"Lët’z say no to Violence against women"

RTL Lëtzebuerg
60 Mol am Mount huet d’Police d’lescht Joer missen agräife wéinst Gewalt am Stot. D’Affer si meeschtens Fraen – a ronn 65% vun de Fäll souguer.
"Lët’z say no to Violence against women"
60 Mol am Mount huet d’Police d’lescht Joer missen agräifen wéinst Gewalt am Stot. D’Affer si meeschtens Fraen – a ronn 65% vun de Fäll souguer.

"Lët’z say no to Violence against women" ass dofir de klore Message vun der "Orange Week", eng Campagne déi de grousse Public op dëst Thema sensibiliséiert an der sexistescher Gewalt en Enn setze wëll. Opklären, wëll och d’Joana. Eng Fra, déi um eegene Leif erlieft huet, wat et bedeit, mat engem gewalttätege Partner zesummen ze sinn. Mat hirer Geschicht wëll si aner Betraffenen de Courage ginn, "Stopp!" ze soen.

Si wëll anonym bleiwen, dofir hu mir hire Numm geännert an nenne si "Joana". Haut féiert d’Joana en normaalt Liewen, wunnt eleng mat hirer Duechter an engem Appartement – ouni den Ex-Mann. No enger jorelaanger glécklecher, normaler Bezéiung koum dunn awer alles anescht. Hie fänkt u mat drénken, vu moies bis owes, all Dag. "Hien ass all Owend aggressiv heemkomm", erzielt d’Joana. Hien hätt si reegelméisseg verbal a kierperlech maltraitéiert.

5 Joer laang ass dat esou weider gaangen. Psycho-Terror, physesch Gewalt, Angscht, bis d’Situatioun een Dag am September 2016 eskaléiert. "Mir hate Sträit an op eemol huet hien en Hummer geholl a gesot: "Ech hu souwisou näischt méi ze verléieren"", fiert d’Joana virun. An deem Moment hätt si näischt méi gesot. A genee dat hätt hir d’Liewe gerett, mengt d’Joana haut. Deen Dag huet si decidéiert, Hëllef ze sichen.

Ee Schlussstréch ze zéien, géing awer a ville Fäll laang daueren, erkläert d’Alexa Warnier vum Foyer Sud. An der Moyenne verléisst eng Fra 7 Mol hiert Doheem, éiert si den definitive Schratt geet an net méi bei de Partner zréckgeet. Et wier ee "cycle de violence", deen ëmmer erëm vu vir lassgeet. Um Ufank ass alles an der Rei, lues a lues kënnt et zu Tensiounen, d’Situatioun eskaléiert, de Partner entschëllegt sech a gëtt sech Méi, et erëm gutt ze maachen. Et ass een erëm glécklech, bis déi éischt Tensiounen opdauchen an alles vu vir ugeet.

Wat ee méi laang an deem Cycle dra wier, wat et méi schwéier wier, erëm erauszekommen, erkläert d’Alexa Warnier. Am Fraenhaus kréien d’Victimmen da Schutz gebueden, se kënnen hir Vergaangenheet opschaffen a fannen hiert Selbstwäertgefill erëm. Ënnert anerem a Konschtprojete kënnen d’Fraen aus dem Foyer Sud hir Gefiller zum Ausdrock bréngen. Hir Fotoe gesäit een aktuell an der Escher Gemeng am Kader vun der "Orange Week".

D’Zil vum Openthalt am Fraenhaus ass de Wee an d’Onofhängegkeet. 3 Méint laang kënnen d’Fraen an der Reegel am Haus bleiwen, dacks gëtt déi Zäit awer verlängert, well se keen anere Logement fannen. An dat géing dozou féieren, dass keng Plaz méi fir nei Fraen an Nout ass. D’Fraenhaiser hu mëttlerweil souguer Waardelëschten. Déi 197 Plazen, déi et am ganze Land ginn, géingen net duergoen.

D’Joana war och ronn ee Joer laang am Foyer, zesumme mat hirer Duechter. Déi éischt Phase wier ongewinnt gewiescht, mee et hätt gutt gedoen, sech a Sécherheet ze fillen an Zouneigung ze kréien, erzielt si weider.

Kontakt zu hirem Ex-Mann huet si och haut nach, wéinst hirer gemeinsamer Duechter. Mee vergiesse ka si net. Och zwee Joer nom Virfall mam Hummer géing d’Joana sech direkt an d’Situatioun zréckversat fillen, wa si mam Thema Gewalt konfrontéiert gëtt. Bei de Psycholog geet si och nach ëmmer, mee et géing hir besser goen. Dat eenzegt, wat si géing bereien, ass, dass si sech net scho vill éischter an engem Fraenhaus gemellt hätt.

Back to Top
CIM LOGO