Symbolescht BegriefnesLeschten Dag fir d’Crèche vun der BEI "Attitude l’Abeille" um Weimeschhaff

Mariette Zenners
Mat enger symbolescher Aktioun hunn d’Mataarbechter vun der Crèche "Attitude L’Abeille" e Méindeg de Mëtten hir Aarbechtsplaz begruewen.
Leschten Dag fir d’Crèche vun der BEI "Attitude l’Abeille"
Mat enger symbolescher Aktioun hunn d’Mataarbechter vun der Crèche "Attitude L’Abeille" e Méindeg de Mëtten hir Aarbechtsplaz begruewen.

No 25 Joer mécht d’Crèche vun der Europäescher Investitiounsbank, déi Plaz fir 100 Kanner fir d’Salariéë vun der Bank hat, hir Dieren zou.

Et ass d’Aart a Weis, déi déi 44 Employéë rose mécht an enttäuscht huet.

Si haten zu kengem Ament Kontakt mat der Bank selwer, hiren Aarbechtskontrakt leeft iwwer eng Gerance. D’Leit goufen am Januar vun den Eltere gewuer, dass d’Crèche géif zoumaachen.

Et ass lo ee Sozialplang ausgehandelt ginn, wou d’Mataarbechter de Minimum kréien, dee vum Gesetz virgesinn ass. D'Manon Reimen vun der Personaldelegatioun bedauert dëst:

D'Manon Reimen vun der Personaldelegatioun

Vun der BEI aus krute mer gesot, d'Decisioun zouzemaache wier geholl ginn, well di ronn 100 Crèchëplaze bäi Wäitem net duergi fir di bal 3600 Employéen. Et wéilt een d'Kanner via Allocatioune lo all selwecht behandelen.

An d'Verhandlunge vum Sozialplang hätt een sech als net-direkten Employeur, net dierfen ameschen. Sourcen vun der Bank confirméieren eis, dass d'Kommunikatioun schlecht gelaf ass.

BEI bezilt net méi: Crèche Attitude "L'abeille" mécht zou, 44 Leit verléieren hir Aarbecht

Back to Top
CIM LOGO