
Dat schreift den LCGB e Mëttwoch de Moien a präziséiert, dass verschidde Mataarbechter eng Plainte gemaach hätten, well de Patron d'Paien net korrekt ausbezuelt hätt. Doropshin hätt den Employeur eben déi Leit versicht anzeschüchteren, déi d’Plainte net zeréck gezunn hätten.
Och nodeems d’ITM ageschalt ginn ass, hätt sech dat Verhalen net geännert, schreift den LCGB. De Patron wier vun hinnen och scho gewarnt ginn an den LCGB wëll elo weider Schrëtt aleeden, fir d'Interête vun de Salariéen ze protegéieren.
Den LCGB wërft d'Fro op, ob mer et hei mat enger neier Affär Jost ze dinn hunn? Bei Magetralux schaffen 110 Leit.